Zanter e Samschdeg, der Finall vum Luxembourg Song Contest, ass gewosst wie Lëtzebuerg beim ESC a Schweden zu Malmö vertrëtt.

Déi grouss Gewënnerin heescht TALI. Dat grousst Musekstalent vun 23 Joer konnt sech géint siwen aner Konkurrenten duerchsetzen.

Alles wäert sech verännere fir d'TALI

Am Alter vun 10 Joer ass d'Tali Golergant op Lëtzebuerg geplënnert a konnt hei hirer Passioun fir d'Musek vu Klengem un nogoen. Nodeems si am Grand-Duché Museks- an Danzcoursë gemaach huet, ass si op New York Theater studéiere gaangen. Elo verschléit et d'Tali also nees zréck a seng Heemecht. D'Sängerin ass houfreg drop, Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2024 kënnen ze vertrieden.

Mat 178 Punkte konnt d'TALI sech e Samschdeg den Owend géint déi siwen aner Finaliste vum Luxembourg Song Contest duerchsetzen. An domat huet sech d'Liewe vun der 23 Joer aler Sängerin op ee Coup verännert. Mir hunn hir éischt Reaktiounen op der Bün agefaangen an hu si an de Stonnen no der Show begleet.

Den ESC ass net just en Dram fir d'Kandidaten

Beim Eurovision Song Contest gëtt am meeschte vun den Artisten op der Bün geschwat, et ass awer een Event, bei deem och ganz vill Leit hannert der Bün schaffen. Sou wéi de Make-up-Artist Luca Di Michele dëse Samschdeg op der nationaler Final: "Fir mech ass dat extrem besonnesch. D'Eurovisoun huet eng Plaz a mengem Häerz, dat ass eppes, vun deem ech ëmmer scho gedreemt hunn, een Deel dovunner ze sinn. D'Eurovision ass bekannt fir déi dramatesch Looks, déi kreativ Looks, an dat wollt ech nach ëmmer weisen a präsentéieren." 

De Pinsel an där enger Hand an eng Luucht, fir och wierklech alles ze gesinn, an där anerer Hand, esou huet hien d'Kandidatinnen a Kandidate am Backstage fir hiren Optrëtt geschminkt an ëmmer nees frësch gemaach. Fir de Look huet hien sech scho laang am Viraus ugefaange mat Plangen. "Ech hu mir ëmmer Gedanke gemaach iwwer alles, wéi et och mam Outfit ausgesäit an, ob et zum Outfit passt."

De Luca Di Michele huet eng Ekipp vu 4 Leit geleet, dat war ënner anerem eng Première fir hien: "Ech hat nach net esou vill Erfarung am Fernseeberäich an déi gréisste Fernseeshow ass d'Eurovision. An ech si wierklech frou, meng Fernseekarriär mat esou engem Event ze starten."

Wéi huet d'Ekipp am Backstage den LSC erlieft?
Beim Eurovision Song Contest gëtt am meeschte vun den Artisten op der Bün geschwat, ma et een Event, bei deem och ganz vill Leit hannert de Kulisse schaffen.

Pressevertrieder a Blogger aus ganz Europa waren do

Eng 100 Pressevertrieder a Blogger waren e Samschdeg an der Rockhal dobäi an hunn iwwer den Luxembourg Song Contest bericht. Hei am Land kréie mir virun allem d'Reportage vun eise Medienhaiser am Grand-Duché mat, mee och d'Ausland ass drun interesséiert, wie fir Lëtzebuerg op Malmö fiert.

Mir hunn d'Journaliste bei de Pressekonferenzen a bei der Generalprouf begleet an hunn nogefrot, wéi si eis national Finall erlieft hunn. Wat denke si iwwert d'Gewënnerin a wéi schätze si eis Chancë beim ESC zu Malmö an?

Wie schécken eis Nopeschlänner op Malmö?

An Däitschland steet d'Decisioun nach aus. D'Show vun der däitscher Virentscheedung ass de 16. Februar. Réischt dann ass gewosst, wie fir déi 70. Kéier Däitschland wäert beim ESC representéieren. Bis elo huet Däitschland zwee Mol gewonnen: 1982 mam Nicole an 2010 mam Lena.

Frankräich schéckt de Slimane mam Lidd "Mon Amour" am Mee op Malmö. De Sänger huet 2016 de Gesangsconcours The Voice a Frankräich gewonnen an huet zënterhier 2 Milliounen Albume verkaf, huet 5 NRJ Music Awards gewonnen an 2 Milliarde Streams weltwäit.

D'Belsch war dat éischt Land, dat hire Kandidat fir den ESC 2024 annoncéiert huet. Si schécken de Solo-Kënschtler Thomas Mustin, besser bekannt als Mustii. Wat nach net feststeet, ass d'Lidd.