No 31 Joer schéckt Lëtzebuerg also nees een Act op den Eurovision Song Contest, duerchgesat bei der Virentscheedung e Samschdeg huet sech d'TALI.

Net just de Public huet fir d'Finaliste gestëmmt, och en internationale Jury bestoend aus aacht Länner mat allkéiers 5 Persoune waren designéiert ginn, hir Stëmmen ofzeginn. Lo sinn dann och d'Nimm gewosst vun den eenzele Jurysmemberen. D'Länner an d'Nimm vun der Jury gi bis nom Vott net genannt fir neutral ze bleiwen.

De Voting leeft d'selwecht of wéi beim Eurovision Song Contest, 50 Prozent vun de Stëmme ziele vum Jury, déi aner 50 vun de Spectateuren. Béid Resultater ginn zesummegerechent.

Sou gouf an der éischter Ronn gewielt

RTL

© RTL Grafik

Sou gouf an der zweeter Ronn gewielt

RTL

© RTL Grafik

Kuerz erkläert

An der éischter Ronn konnt de Jury folgend Punkte verginn: 2 / 4 / 6 / 8 / 10 /12.
Dat heescht 42 Punkten am Ganzen, also 8x42 an da kéim een op 336 Punkten.

An der zweeter Ronn: 8 / 10 / 12.
Dat heescht 30 am Ganzen, also 8x30 an da kéim een op 240 Punkten.

Wéi Dir gesitt, huet de Public net grad d'selwecht vill Punkte vergi wéi de Jury mat 335 géint 336 an der réischter Ronn an nach emol 239 géint 240 Punkten an der zweeter Ronn. Dat läit um Ofronnen an hätt um Endresultat och näischt geännert.

Wien huet fir déi eenzel Länner ofgestëmmt?

Groussbritannien

  • Jack Francis Hawitt
  • Emma Stevens
  • Ross Gautreau
  • Juliet Russell
  • AJ Bentley - Spriecher: Den Acteur an Dänzer ass bekannt ginn no senger Participatioun bei Let It Shine op BBC. Do virdrun hat hien nach bei The X Factor matgemaach an ass Member vun enger Boyband.

Zypern

  • Argyro Christodoulidou
  • Andri Aggelidou
  • Nikos Evangelou
  • Kypros Karaviotis
  • Gore Melian - Spriecher: De Produzent souwéi Sing- a Songwriterhuet schonn am Alter vun 3 Joer mat Musek ugefaangen. Antëscht war hie schonn 8 Mol an der ESC-Jury dobäi.

Belsch

  • Joël Habay
  • Alexandre Germys
  • Tiffany Baworowski
  • Marie Benmokaddem
  • Laura Groeseneken - Spriecherin: D'Sängerin a Komponistin ass och bekannt als "Sennek" an huet d'Belsch 2018 mam Lidd "A Matter Of Time" beim ESC vertrueden.

Slowenien

  • Miha Gorse
  • Jernej Dirnbek
  • Nikola Sekulovic
  • Ursa Vlasic
  • Tinkara Kovač - Spriecherin: Si ass eng Rock-Pop-Sängerin, Flötistin a Mamm vun zwee Kanner. 2014 hat si déi slowenesch Virentscheedung gepackt an ass zu Kopenhagen fir Slowenien ugetrueden.

Den internationale Voting
Deel 1

Däitschland

  • Lukas Heinser
  • Peter Urban
  • Alina Stiegler
  • Chris Harms
  • Uwe Kanthak - Spriecher: Den däitschen Entrepreneur ass Chef vun der no him benannter Kënschtlermanagement-Agence zu Hamburg. Hien hat och de Grondsteen fir d'Karriär vum Helene Fischer geluecht an ass zanterhier hire Manager.

Portugal

  • Ana Margarida Lains da Silva Augusto
  • Pedro Granger
  • Pedro  Penim
  • Ana Goncalves
  • Ana Carina Fernandes Jorge de Almeida - Spriecherin: D'Produzentin war d'lescht Joer scho fir Portugal an der Jury.

Frankräich

  • Hédia Charni
  • Antoine Gouiffes-Yan
  • Julien Gonçalves
  • Roberto Ciurleo
  • Julien Tchobanoff - Spriecher: Schafft als Programmatiounschef fir de franséische Radiossender NRJ a war och scho Jurysmember an der Finall vu Battle of the bands zu Paräis a Frankräich.

Schweden

  • Marianne Grönvall
  • Oscar Zia
  • Emelie Fjällström
  • Arantxa Álvarez
  • Isa Tengblad - Spriecherin: Huet scho ganz fréi mat der Gesangskarriär ugefaangen an och scho beim Junior Eurovision Song Contest matgemaach an hat sech 2015 nach emol an der schweedescher Virentscheedung fir den ESC duerchgesat.

Den internationale Voting
Deel 2