Fënnef Mol huet de Grand-Duché de Concours scho gewonnen, kënne mer eis mam TALI a "Fighter" nach emol duerchsetzen?

Den 7. Mee, da steet Lëtzebuerg an deemno och d'TALI, dat e Samschdeg d'Finall vum Luxembourg Song Contest gewonnen huet, op der grousser Bün an der Malmö Arena a Schweden a vertrëtt Lëtzebuerg beim ESC mat sengem Lidd "Fighter". Dat an der zweeter Hallschent vun der éischter Halleffinall.

Kleng Erklärung: D'Halleffinalle sinn an zwou Ronne gespléckt. Dat heescht, et gëtt eng éischt Hallschent an eng zweet Hallschent an der éischter Halleffinall, souwéi nach emol 2 Hallschenten an der zweeter Halleffinall.

Op Nofro vun de Presentatrice Farah Abadi a Pernilla Månsson Colt, wéi eng Halleffinall, respektiv a wéi enger Hallschent et besser wier opzetrieden, soten zwee ESC-Experten, dass een déi bescht Chancen am zweeten Deel vun der éischter Halleffinall huet.

Wann dat mol kee gutt Omen ass?!?

RTL

Fënnef Mol huet de Grand-Duché sech scho konnte beim Eurovision Song Contest behaapten an ass trotz enger Absence vun iwwer 30 Joer nach ëmmer dat drëtterfollegräichst an der ESC-Geschicht. Eng Placéierung, déi mer eis mat Groussbritannien, Frankräich an Holland deelen.

Wéi genee d'Reiefolleg vun de jeeweilege Participatiounslänner ass, leeën d'Produzente fest. Sämtlech Optrëtter sollen eng harmonesch Ofwiesslung am Duerchlaf erméiglechen, souwéi den zäitgerechten Op- an Ofbau vun der Bünerequisiten.

D'Big-Five-Länner sinn automatesch an der ESC-Finall, trieden awer och bei den Halleffinallen op. Schweden, Däitschland, a Groussbritannien goufen an déi éischt Halleffinall geloust, Frankräich, Italien a Spuenien an déi zweet.

Iwwerbléck iwwert d'Datumen

  • de 7. Mee 2024 ass déi éischt Halleffinall
  • den 9. Mee ass déi zweet Halleffinall
  • an den 11. Mee ass d'Finall