D'Participatioun vun Israel beim Eurovision Song Contest ass nawell en däregt Thema. D'Diskussioune räissen net of.

Eleng schonn, dass Israel beim Concours dobäi ass, suergt fir déck Loft. Schonn am Virfeld gouf et Petitiounen, déi gefuerdert hunn, dass d'Land net dierft matmaachen. Déi schwedesch Musekszeen hat en Ausschloss vun Israel bei de Responsabele gefrot. Iwwer 1.000 Kënschtler aus Schweden hate sech an deem Kader an engem oppene Bréif un d'Europäesch Rundfunkallianz EBU geriicht.

Am Bréif gouf kritiséiert, dass Israel "trotz senger brutaler Krichsféierung a Gaza" net géing ausgeschloss ginn. Wann d'EBU jo als Grond géif soen, de Concours wier onpolitesch, géing ee sech d'Fro stellen, wisou da Russland nom Ugrëff op d'Ukrain 2022 a Wäissrussland d'Joer virdru wéinst dem Ëmgang  mat Mënscherechter an der Pressefräiheet vum ESC ausgeschloss gi wier.

Och Finnland hat sech dem Protest ugeschloss. Ronn 1.400 finnesch Museker a Musekerinnen hate sech pro-palästinenseschen Aktivisten zesummegedoen an eng Petitioun ënnerschriwwen, déi den Ausschloss vun Israel gefrot hat. Änlech war et och an Norwegen. An Irland hat en Deputéierte vun der Labour Partei ëffentlech zum Boykott vum ESC opgeruff, sollt Israel dierfe matmaachen. Hie gouf um Enn awer vum iresche Premier Leo Varadkar zeréckgepaff.

Erklärung vun der EBU

D'Europäesch Rundfunkallianz hält un der Participatioun vun Israel fest, et wier e onpolitesche Museksconcours a kee Concours tëscht Regierungen. Et wier net d'Aufgab vun der EBU, Kricher ze vergläichen, hat den EBU-Generaldirekter Noel Curran betount. Entscheedend wier d'Verhältnis vun den ëffentlech-rechtleche Senderen zu de jeeweilege Regierungen. De russesche Sender hätt zum Beispill mat de gemeinsame Wäerter vun der EBU gebrach.

Wat Israel betrëfft, hätt een d'Konditioune fir eng Participatioun mam zoustännege Sender KAN gepréift. Et wier een zur Conclusioun komm, dass den ëffentlech-rechtleche Sender KAN och dëst Joer sämtlech Reegele vum Concours erfëllt hätt, sou wéi an de leschte 50 Joer och.

ESC wierklech onpolitesch?

Dat kann een u sech net behaapten, wann ee sech e puer Aktioune méi genee ukuckt, déi am Passé schonn emol virkomm sinn. Den ESC 2019 zu Tel Aviv zum Beispill.

Um Owend vun der Finall hat d'islännesch Band Hatari Palästina-Banneren an d'Kamera gehalen an domat fir Opmierksamkeet gesuergt. Den zoustännege Sender RÚV huet deemools missen eng Strof vu 5.000 Euro un d'EBU bezuelen. Ma dee selwechten Owend hat d'Madonna, déi e Gaaschtoptrëtt hat, ee vun hiren Dänzer mat engem israeelesche Fändel an eng Dänzerin mat engem palästinensesche Fändel Aarm an Aarm optriede gelooss, e Message vu Fridden an Unioun hat et vun der Sängerin geheescht. D'EBU war net grad amused.

An och an Israel selwer ass d'Participatioun ëmstridden. An den israeelesche wéi och soziale Medie koum d'Fro op, ob et a Krichszäite sënnvoll wier. Dat nach emol méi am Hibléck op déi Mënschen, déi nach ëmmer als Geisele gehale ginn.

Wisou ass Israel iwwerhaapt beim Eurovision dobäi?

Héiert een Eurovision, denkt een u sech wuel éischter un en europäesche Concours. Do stellt sech d'Fro, wisou Israel, mä och aner Länner wéi Australien, Armenien oder nach den Aserbaidschan iwwerhaapt dobäi sinn.

Ganz einfach, hei geet et ëm d'Membere vun der Europäescher Rundfunkallianz.

Israel ass zanter 1973 beim ESC dobäi, deemools nach Grand Prix d'Eurovision de la Chanson an ass zanterhier och Member bei der EBU, en Zesummeschloss vun aktuell 68 Rundfunkinstitutiounen a 56 Staaten an Europa, Nordafrika an am Noen Osten. Israel gehéiert mat 4 éischten, 2 zweeten an 2 drëtte Plazen dann och zu enge vun den erfollegräichste Länner beim Concours.

Et erkläert awer och, wisou de Concours Eurovision Song Contest heescht an net European Song Contest.

Israeelescht Lidd lo am Fokus

Dëst Joer geet déi 20 Joer jonk Kënschtlerin Eden Golan fir Israel an d'Course. Si ass a Russland opgewuess. D'Lidd, mat deem si am Mee zu Malmö a Schweden soll op der Bün stoen, huet awer lo nei, hefteg Diskussiounen ausgeléist, dobäi gouf et nach net emol ëffentlech presentéiert.

D'Lidd "October Rain" bezitt sech Medieberichter no op de Massaker vum 7. Oktober, bei deem d'Hamas iwwer 1.200 Mënschen an Israel ëmbruecht huet a sëllege Mënschen als Geisele verschleeft huet. Israeelesch Medien hu gemellt, d'ESC-Organisateuren hätten d'Lidd als politesch agestuuft a géifen dann awer lo iwwer eng Disqualifikatioun nodenken. Israel hält dogéint a seet, sech vum ESC 2024 zeréckzezéien, falls eng Ännerung vum Text vum Lidd géif gefrot ginn.

D'EBU zu Genf wëll den Text nach préiwen. All Land huet bis den 11. Mäerz Zäit, hiert jeeweilegt Lidd anzereechen.