Israel dreet domadder, net bei der Eurovisioun matzemaachen, wann d'Organisateuren net mam Text vu sengem Lidd averstane sinn.

Den Titel, mat deem d'Land zu Malmö a Schweden wëll optrieden, heescht "October Rain" an ouni d'Attacke vum 7. Oktober direkt ze nennen, ass et kloer, datt et ëm de bluddegen Iwwerfall vun der Hamas geet.

D'Organisateure sinn amgaangen ze préiwen, ob een d'Lidd net als e politesche Message misst gesinn. Den Text ass amgaangen, iwwerpréift ze ginn, an duerno decidéiert sech, ob en zougelooss gëtt oder net.

Den israeelesche Kulturminister ass entsat a schwätzt vun engem Skandal. D'Lidd wier emouvant a géif d'Gefiller vun den Israeelien ausdrécken.

Eng Rei Länner haten och en Appell gemaach, Israel ganz vun der Lëscht vun de Participanten ze sträichen, fir op déi Manéier géint de Krich an der Gazasträif ze protestéieren.