Déi israeelesch ëffentlech-rechtlech Chaîne Kan huet sech bereeterkläert, den ëmstriddenen Text vum israeelesche Lidd fir den ESC iwwerschaffen ze loossen.

D'Organisateure vum ESC hate rezent ugedeit, d'Lidd "October Rain" vun der Kandidatin Eden Golan iwwert den Ugrëff vun der Terrorgrupp Hamas op Israel kéint vun der Competitioun ausgeschloss ginn, well nëmmen net-politesch Liddtexter erlaabt wieren.

Elo sollen d'Auteure vum Lidd den Text entschäerfen. Och d'Lidd "Dance Forever", dat op déi zweete Plaz komm war, soll ëmgeschriwwe ginn. D'Chaîne decidéiert dann, wéi ee Lidd beim ESC am Mee am schwedesche Malmö untrieden dierf.

Den 10. Mäerz soll déi final Decisioun bekannt gi ginn. De Staatspresident Izchak Herzog hat am Virfeld betount, wéi wichteg et fir Israel wier, beim ESC opzetrieden, well et eng Bün fir Honnerte Millioune vu Spectateure wier.