De 7. Mee trëtt d'TALI mam Lidd "Fighter" fir de Grand-Duché an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest op.

Fir datt d'Lidd deen Dag perfekt bei d'Mise en scène zu Malmö passt, gëtt et elo nach emol ugepasst.

D'TALI ass dofir dës Woch zu Paräis am Studio Bel Air, fir zesumme mam Label an dem Dardust, engem vun de véier Songwriter, déi final Versioun vu sengem Lidd "Fighter" ze produzéieren.

Spéitstens den 29. Mäerz muss d'Schlussversioun vun all de Lidder, déi beim ESC zu Malmö a Schweden mat dobäi sinn, op alle Streamingplattformen disponibel sinn. Bis e Sonndeg mussen d'Lidder alleguer beim Organisateur eragereecht ginn.

Déi grouss Finall vum ESC ass den 11. Mee a gëtt live op RTL iwwerdroen. Och d'Halleffinalle wäerte live ze gesi sinn.