Enn Januar stoung et fest, fir Lëtzebuerg geet d'Tali Golergant op den Eurovision Song Contest.

Zanterdeem ginn et fir déi jonk Sängerin sëllege Rendez-vousen, Interviewen, Shootingen a Präparatioune fir de Contest am Mee zu Malmö a Schweden. Dozou gehéiert och, eng aner Versioun vu sengem Lidd "Fighter" opzehuelen. All d'Participante mussen dat fir den ESC, op Demande vun der EBU, maachen.

D'Tali huet sech fir eng akustesch Versioun decidéiert a fir de passende Museksvideo ass déi lescht Nuecht ee Piano op déi extra dofir gespaarten Nei Bréck gesat ginn.

Als Actrice huet d'Tali zwar scho genuch Erfarung, sou datt och en ëmstyle matten an der Nuecht näischt Neies ass. Virun der Kamera stoen ass och net nei. Nei ass dann awer, dass extra eng Bréck gespaart gouf. D'Nervositéit war donieft nach grouss, well dësen Tournage e sougenannte One Shot ass. Et gëtt also näischt geschnidden an dat heescht och, geet et eppes schif, dann ass et domm gaangen.

Net sou einfach war dësen Tournage dann och fir den David Steichen, den Drone-Pilot. Mat eng vun de wichtegste Persounen nieft dem Tali. Och fir hien war et net sou evident, dass am Däischtere gedréint gouf.

Datt ee vu senge Pianoen eemol matten op enger Bréck matten an der Nuecht steet, dat war och fir de Simon Kelly eng Première, dee seng Pianoen am Laf vu senger Karriär schonn op villen ongewéinleche Plaze installéiert huet.

D'Iddi fir de Video staamt vum Pitt Wagner. Jidderee kennt de Pont Adolphe a besonnesch an der Nuecht mat der ganzer Beliichtung, dat hätt schonn eppes. D'Resultat, respektiv de fäerdege Musekssclip gesäit een an e puer Wochen op de soziale Medie vum Eurovision Song Contest.