Fir d'éischt de Joel Marques, duerno den Edsun an elo One Last Time. Mat Rise Together mellt sech déi eenzeg Band, déi an der Finall vum Luxembourg Song Contest dobäi war, zeréck.
"Rise Together" ass e Song, dee One Last Time am Februar 2024 am eegenen Homestudio vum Jonathan Fersino zesummen ausgeschafft huet a just e puer Deeg méi spéit an Norwege vum Jonas Holteberg Jensen vun de Woods Studios produzéiert ginn ass.
Den Jonas Holteberg Jensen war iwweregens och de Produzent vun der LSC Single "Devil in the Detail".
De Song handelt ënnert anerem ëm d'Verlaangen no Wäermt an den donkelsten Deeg an der Sich no Hoffnung an de schwéierste Momenter, ma weist eis awer och datt Frëndschaft a Gebuergenheet eng Stäip sinn, an eis hëllefen, all déi Steng ze iwwersprangen, déi d'Liewen engem an de Wee leet.
"Rise Together" ass eng éischt vu sëllege Singelen, déi d'Band iwwert dëst Joer released. One Last Time freet sech, senge Fans "Rise Together" dëst Joer op sëllege Festivals am Grand-Duché fir d'éischt Kéier live virzespillen.
Follgend Datumer soll ee sech schonn am Kalenner markéieren:
22. Juni, 19. Juli, 10. August, 22. September.