De 27. Januar, den Dag vun der nationaler Preselektioun an der Rockhal, ass deen Dag, deen dem Tali säi Liewe komplett verännert huet.

D'Tali Golergant huet vläicht just 23 Joer, wunnt a lieft awer schonn zu New York, bis elo viru kuerzem. Och Lidder huet et schonn e puer rausbruecht, huet als Schauspillerin a Gesangsproff geschafft an hat geleeëntlech Optrëtter. Elo ass d'Tali d'Lëtzebuerger Vertriederin fir den Eurovision Song Contest. MA dat bedeit méi wéi just am Mee zu Malmö opzetrieden. Et ass och déi éischt Kandidatin fir de Grand-Duché zanter 31 Joer.

A fir genee dee Contest gëtt et nach vill ze präparéieren. Wärend um Luxembourg Song Contest d'Luuchten op der Bün ausgaange sinn, hunn hannert der Bün d'Preparatioune fir den Eurovision Song Contest schonn ugefaangen.

Déi éischt Interviewen a Fotoshootinge vu ville stoungen nach den Owend selwer fir d'Tali um Programm.

"D'Tali hat wierklech guer keng Paus. Nodeems déi national Selektioun an der Rockhal fäerdeg war, ass et direkt weidergaangen", erzielt de Luca de Michele. Hien huet als Make-up-Artist schonn d'Kandidaten an d'Kandidatinnen um LSC betreit a begleet och elo nach d'Tali op all sengen Optrëtter a Rendez-vousen.

"Hatt ass esou eng cool Persoun an einfach dee perséinleche Moment mat him ze deelen, well et ass och fir hatt ee Risendram. An do een Deel dovunner ze sinn, ass fir mech einfach Wansinn." 

Hie wäert dann och mat op Malmö fueren an och do d'Hoer an de Make-up vum Tali maachen. An do wäert nach déi eng oder aner Iwwerraschung waarden.

Hoer, Make-up, Lidd – alles gëtt anescht

Um Luxembourg Song Contest huet een d'Tali nach an engem Liederskostüm, Händchen a gréngen Accenten am Make-up konnte gesinn. Am Mee wäert dat anescht sinn, da kritt de ganzen Optrëtt nach eng Kéier een anere Look. Och d'Lidd "Fighter" ass nach eng Kéier iwwerschafft ginn. Dofir ass d'Tali op Paräis gefuer, fir zesumme mat de Produzente vum Lidd dodrunner ze schaffen. Eng Woch, déi si am Tounstudio verbruecht huet.

"Ech wollt Musek ëmmer haaptberufflech maachen. Am Studio sinn, schreiwen an et ass wierklech een Dram, deen an Erfëllung geet. Ech hunn zu New York als Gesangsproff geschafft an ech maachen dat wierklech gären. Mee et ass anescht, et ass an enger Schoul, mat Kanner an hektesch. An alles, wat ech wollt, war fir dat haaptberufflech ze maachen an elo geschitt dat. An ech kann et net gleewen", esou d'Tali.

"Fighter" gouf vu véier Leit geschriwwen, dorënner d'Manon Romiti an de Silvio Lisbonne. Et huet awer eng Zäit gebraucht bis et säi Sänger fonnt huet, erzielt de Silvio Lisbonne:

"En faite, on a envoyé la chanson à la production de l'eurvision du Luxembourg, qui a adoré la chanson. Et on a passé des semaines pour trouver quelqu'un pour la chanter, des garçons, des filles,... Jusqu'on tombait sur Tali, qui a adoré la chanson, qui était à New York à ce moment-là, qui nous a envoyé un petit mémo vocal, qu'elle a enregistré dans sa chambre, quand elle l'a reçu, pour montrer comment elle pourra la chanter. On a adoré et du coup, elle a pris un avion et est venu."

An dat war just den Ufank. Nodeems si elo bësse matenee geschafft hunn, war séier kloer, dass si weider Projete mam Tali wéilte maachen. No de verschiddene Versioune vu "Fighter" hu si och Lidder zesumme mat him geschriwwen. Nach dëst Joer soll een Album erauskommen. "Ce n'est que le début de l'histoire", seet de Silvio Lisbonne a mengt domadder dem Tali seng Karriär.

D'Tali an der Kritik

Vun deem Moment un, un deem et geheescht huet, dass d'Tali d'Gewënnerin vun der Lëtzebuerger Preselektioun ass, gouf et och Kritik. Déi meescht Kritik ass op dem Tali seng Originne bezunn. An Artikele vu Lëtzebuerger Medie ginn et Kommentaren, dass d'Tali net lëtzebuergesch genuch wär. An ënnert dem Tali sengem Video vum offiziellen Eurovision-Account op Instagram gëtt zum Beispill deelweis zum "Boykott" opgeruff, wéinst den israeeleschen Originnen.

D'Tali ass an Israel gebuer, huet puer Joer op verschiddene Plazen a Südamerika gelieft an ass schlussendlech op Lëtzebuerg mat senger Famill geplënnert. Am Grand-Duché huet hatt 13 Joer gelieft, ass hei an d'International School gaangen an huet Coursen am Conservatoire geholl.

D'Tali selwer géif net vill Haasskommentare liesen, dat meescht géif sech op Twitter ofspillen an do wier hatt net.

"Ech sinn einfach just hei fir Musek ze maachen, ech sinn hei fir Léift a Frëndlechkeet ze verbreeden. A wann d'Leit dat net gesinn, dann di si mir leed. Ech distanzéiere mech dovunner, well wann een ze vill Zäit domadder verbréngt, Leit ëmzestëmmen, déi probéieren een ze verletzen... Et muss ee sech mat positive Mënschen ëmginn, dann ass ee glécklech."

An et ginn och där anerer. Deen éischten Dag no der Preselektioun huet d'Tali säin Handy ausgemaach. "Wéi ech en erëm ugemaach hunn, waren do esou vill schéi Messagen. Et war verréckt", erzielt eis d'Tali virun engem Shooting.

Mëttlerweil hunn all d'Länner hir Vertrieder bekannt ginn. De 7. Mee wäert dann den éischte groussen Optrëtt sinn, dann ass déi éischt Halleffinall an d'Tali kämpft mat 14 anere Kënschtler ëm eng Plaz an der grousser Final.

D'Halleffinallen, de 7. an 9. Mee, souwéi déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2024 den 11. Mee gëtt live op RTL iwwerdroen.