Bei de sougenannten Allocation Draws ass den 30. Januar festgeluecht ginn, wéi ee Land wéini drun ass an der Halleffinall um Eurovision Song Contest 2024.

Dat ass an deem Sënn wichteg, well et zwou Halleffinalle ginn, de 7. an den 9. Mee. Op deenen zwee Datumen trieden allkéiers 15 Länner un a just déi 10 éischt kommen an déi grouss Final vum 11. Mee.   D'Big Five sinn automatesch weider an der Halleffinall. Dat sinn Italien, Spuenien, Frankräich, Däitschland a Groussbritannien.

Zanter 2023 zielt och just nach de Publikumsvoting, de Juryvoting zielt net. Dee gëtt just gekuckt, wann et keen eendeitegt Resultat am Publikumsvoting géif ginn.

Mat an der Halleffinall si follgend Länner mat dëse Kënschtler a Lidder:

Irland mat Bambie Thug

"Doomsday Blue" heescht d'Lidd, dat Irland an de Contest schéckt. Bambie Thug bezeechent d'Museksrichtung als Ouija Pop. D'Entscheedung ass an der Tëleesemissioun Late Late Show gefall, an där 6 Participante géinteneen ugetruede sinn a vun enger internationaler an nationaler Jury, sou wéi dem Public gewielt goufen. Bambie Thug ass bei de Leit am beschten ukomm.

Kroatien mam Baby Lasagna

"Rim Tim Tagi Dim" séngt de Marko Purišić mam Kënschtlernumm Baby Lasagna. Hie war de Gewënner vum Dora Festival. 16 Kënschtler a Kënschtlerinne konnten dëst Joer géinteneen untrieden, fir Kroatien um ESC ze representéieren. A sengem Lidd thematiséiert de Baby Lasagne d'Flucht bannent dem Land vu jonke Kroaten, awer op enger humorvoller Aart a Weis.

Litauen mam Silvester Belt

"Luktelk" heescht d'Elektro-Pop-Lidd vum litauesche Vertrieder, dem Silvester Belt. Richteg gutt kënnt et schonn an den nationalen Charts a Litauen un. Hie séngt op litauesch a Luktelk heescht esou vill wéi ofwaarden.

Polen mam Luna

"The Tower" gëtt vum 24 Joer alen Aleksandra Katarzyna Wielgomas gesongen, och nach Luna genannt. D'Sängerin aus Warschau ass iwwert eng intern Auswiel erausgesicht ginn an am Lidd geet et dorëms, sech säin eegenen Tuerm am Liewen ze bauen. Et soll ee grouss a staark sinn a jiddereen ass selwer fir seng Zukunft verantwortlech.

Serbien mam Teya Dora

"Ramonda" ass eng Ballad, déi vun der serbescher Kënschtlerin Teya Dora gesonge gëtt. Ramonda ass och eng Blumm, déi fir de Fridde steet. Virun allem ass et ee Symbol fir de Waffestëllstand am 1. Weltkrich, deen den 11. November gefeiert gëtt. Et ass nämlech eng Blumm, déi aus Äsche ka wuessen an domadder ee staarkt Zeeche fir d'Hoffnung ass.

Ukrain mam Alyona Alyona & Jerry Heil 

"Teresa & Maria" gëtt vum Duo Aliona Savranenko (Alyona Alyona) a Yana Shemayeva (Jerry Heil) gesongen. Am Lidd gëtt déi weiblech Stäerkt fir duerchzehalen thematiséiert um Beispill vun der Mutter Theresa an der Jongfra Maria.

Zypern mam Silia Kapsis

"Liar" heescht d'Lidd, mat deem Zypern d'Silia Kapsis an de Concours schéckt. Déi grad emol 17 Joer jonk Sängerin ass duerch eng intern Auswiel erausgesicht ginn. D'Silia Kapsis lieft an Australien, huet awer griichesch an zypriotesch Originnen.

Australien mat Electric Fields

"One Milkali" heescht esou vill wéi "Ee Blutt" op Yankunytjatjara. Dat ass eng Sprooch, déi vu verschiddenen Aborigines-Stämm geschwat gëtt. Electric Fields besteet aus dem Zaachariaha Fielding an dem Michael Ross. Si verbanne modern elektresch Soulmusek mat der Kultur vun australeschen Urawunner.

Aserbaidschan mam Fahree feat. Ilkin Dovatlov

"Özünlə Apar" ass dat leschte Lidd, dat fir den ESC 2024 publizéiert gouf. Den Titel heescht esou vill wéi "Huel et mat". D'Lidd ass deels op englesch, deels op aserbaidschanesch. Den Ilkin Dovatlov ënnerstëtzt den Haaptsänger, den Fahree a sengem Lidd, andeems hien d'Parten, an deenen ee speziellen aserbaidschanesche Gesangsstil gesonge gëtt, iwwerhëlt. De Mugham gehéiert souguer zu den immateriellen UNESCO-Weltkulturierwen.

Finnland mam Window95man

"No Rules" ass dat Lidd, fir dat sech d'Finnlänner an hirer nationaler Preselektioun, dem Uuden Musiikin Kilpailu decidéiert hunn. D'lescht Joer hu si knapp géint Schweden verluer a schécken elo den Teemu Keisteri op den ESC. Hien ass ee Kënschtler an de Windows95man ass säin Alter Ego. Ënnerstëtzt gëtt hie vum Sänger Henri Piispanen.

Island mam Hera Björk

"Scared of Heights" ass d'Lidd, dat d'Hera Björk dës Kéier fir Island op der grousser ESC-Bün wäert sangen. D'Sängerin ass nämlech schonn eng Kéier fir Island mam Lidd "Je ne sais quoi" 2010 ugetrueden a war zweemol virdrun am Hannergrond-Chouer ze héieren. Viru 14 Joer hat si et schonn eng Kéier an d'Finall gepackt, konnt do awer just eng 19. Plaz maachen.

Lëtzebuerg mam Tali

"Fighter" huet een déi lescht Wochen déi eng oder aner Kéier bei eis op der Antenn scho mol héieren.

Wéi d'Tali déi lescht Wochen erlieft huet, kënnt dir hei nokucken.

Moldawien mam Natalia Barbu

"In the Middle" séngt d'Natalia Barbu mat der Ënnerstëtzung vu véier anere Sängerinnen. Och d'Natalia Barbu war schonn eng Kéier um ESC mat dobäi. 2007 ass si op déi 10. Plaz komm. Och deemools war d'Gei een Deel vun der Performance. Dëst Joer setzt si nees op d'Instrument.

Portugal mam Iolanda

"Grito" heescht Kreesch a gëtt vum Iolanda Costa gesongen. Si huet déi portugisesch Preselektioun gewonnen. 2023 huet d'Sängerin hiren éischten Album erausbruecht a war virdrun a verschiddene Castingshowen ze gesinn. Ënner anerem 2014 an The Voice of Portugal.

Slowenien mam Raiven

"Veronika" séngt d'Sara Briški Cirman, bekannt als Raiven. Schonn dräimol huet si wollten op den Eurovision Song Contest, ass an der nationaler Preselektioun awer ni ugeholl ginn. Bis elo. Am Lidd Veronika geet ëm eng Fra, déi am Mëttelalter zu Onrecht der Hexerei ugeklot gouf an nach ouni Prozess erdränkt ginn ass.

D'Halleffinallen, de 7. an 9. Mee, souwéi déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2024 den 11. Mee gëtt live op RTL iwwerdroen.