Esou lues kann een d'Deeg ziele bis zum Eurovision Song Contest, zu Malmö ass een awer schonn e Strapp amgaange mat de Preparatiounen. Mir verroden Iech wou ee wat fënnt.

De kompletten Eurovision Song Contest ass an der Malmö Arena, direkt nieft der Gare. Vun do kënnt och de Livestream vun de Showen. Tatsächlech fänkt de Programm zu Malmö schonn de 4. Mee un an dauert bis den 11., den Dag vun der Finall. Dee Programm gëtt réischt Ufank Abrëll komplettéiert an op eurovision.tv verëffentlecht.

Ganz wichteg: iwwerall kënnt een entweder ze Fouss, mam Vëlo oder ëffentlechen Transport hin.

Eurovision Village

Ee vun den eelste Parken a Schweden, de Folkets Park, wäert sech vum 4. bis den 11. Mee an den Eurovision Village verwandelen, engem ganz speziellen ESC-Beräich, wou Fans, Residenten a Visiteuren zesummekommen.

Am Mëttelpunkt wäert den Euphoria Stage stoen, wou een d'Ouverture, d'Showen an d'Ofschloss-Party materliewe kann. Erwaarde kann een do awer och deen een oder anere Special Event oder Concert op direkt e puer Bünen, onofhängeg Kultur- a Gastronomie-Ariichtungen (mat eegenem ESC-Programm).

RTL

© malmo.se

Eurovision Street

De Friisgatan ass eng beléifte Strooss zu Malmö mat sëllege Restauranten a Lokaler. Ma wärend dem ESC gëtt se ëmgedeeft an zwar an Eurovision Street. Dës Strooss huet dann och déi ideal Lag, tëscht der Gare, respektiv der Arena an dem Eurovision Village. Ma eleng de Wee tëscht dëse Plaze wäert net langweileg sinn, iwwerall fënnt ee musikalesch Animatiounen a lokal wéi och international Spezialitéiten.

RTL

© malmo.se

Malmö Live

De Malmö Live Congress an d'Concert Hall ass de "Place to be" wärend dem Eurovision Song Contest. Hei ass souwuel d'Ouvertureszeremonie wéi och déi grouss Ofschlossparty. Och dotëscht gëtt et e gutt gefëllte Programm gebueden.

RTL

© malmo.se