37 Länner wëlle matmaachen, just 26 packen et an déi grouss Show den 11. Mee. Dobäi si scho 6 Plazen fort.

D'Big Five - Däitschland, Frankräich, Spuenien, Italien a Groussbritannien - sinn automatesch an der Finall, trieden awer bei all Halleffinall mat op. An och d'Host-Land Schweden huet sech mat senger Victoire d'lescht Joer eng Plaz an der Finall dëst Joer geséchert.    Bleiwen nach 20 Plazen ze verginn. An der éischter Halleffinall triede 15 Länner géinteneen un. Dorënner och Lëtzebuerg mam Tali, 10 komme weider. An der zweeter Halleffinall, den 9. Mee ginn et 16 Participanten an och hei kommen der just 10 virun.

Mat an der zweeter Halleffinall si follgend Länner mat dëse Kënschtler a Lidder.

Kënnt d'Tali weider, wieren dëst potentiell Konkurrenten:

Albanien mam Besa

"Titan" heescht d'Lidd, dat déi albanesch Pop- an R&B-Sängerin Besa Kokëdhima séngt. Déi national Preselektioun war de Festival i Këngës, op deem si d'Lidd nach op Albanesch gesongen huet. Do huet den Titel nach "Zemrën n'doréë" geheescht, dat esou vill heescht wéi Häerz an der Hand. Fir den ESC ass d'Lidd nach eng Kéier iwwerschafft ginn, elo séngt si dann och op Englesch.

Éisträich mam Kaleen 

"We Will Rave" heescht d'Lidd, dat d'Kaleen fir den ESC preparéiert huet. D'Lidd ass een um Techno inspiréierte Popsong. D'Kaleen ass Sängerin, Profidänzerin a Choreographin. Als Dänzerin war si schonn um ESC an huet fir ënner anerem Armenien, Däitschland a Georgien gedanzt. Dës Kéier steet si da selwer am Mëttelpunkt.

Armenien mat Ladaniva

"Jako" ass ee konterbonte Mix aus Balkanmelodien, Jazz a Reggae a gëtt vum Duo gesongen, deen aus der Jacqueline Baghdasaryan an dem Louis Thomas besteet. Et ass eng franséisch-armenesch Band, déi 2019 gegrënnt gouf. D'Sängerin Jacqueline Baghdasaryan ass an Armenien gebuer. Den Numm vun der Band Ladaniva ass eng Uspillung op de russeschen Auto, de Lada Niva.

Schwäiz mat Nemo

"The Code" gëtt vun Nemo gesongen. Am Lidd ginn et ëmmer nees Elementer aus verschiddene Museksrichtungen. Bekannt ass Nemo virun allem als Rapper, am Lidd kommen awer och Oper-Passage vir. D'Schwäiz huet 1988 déi leschte Kéier beim ESC gewonnen, deemools mam Céline Dion.

Estland mat 5Miinust a Puuluup

"(Nendest) narkootikumidest ei tea me (küll) midagi" ass d'Lidd, mat deem Estland optrëtt. Dat heescht esou vill wéi: "Mir wëssen (wierklech) näischt iwwert (dës) Drogen". Domadder schéckt Estland net just eng, mee direkt zwou Museksgruppen an d'Course. 5Miinust ass eng Hip-Hop-Band a Puuluup ass een nu-folk-Duo.

Dänemark mam Saba

"Sand" ass den Titel, mat deem d'Saba um ESC punkte wëll. Am Lidd geet et ëm d'Scheiteren an enger Bezéiung. Domadder huet sech d'Sängerin géint 600 agereechte Lidder duerchgesat. Dänemark huet schonn 3 Mol um ESC gewonnen a mat hiren am Ganzen 52 Participatioune ass d'Land 26 Mol an den Top 10 gelant.

Griichenland mam Marina Satti

D'Marina Satti séngt hiert ESC-Lidd "Zari" op Englesch an op Griichesch. Griichenland huet bis elo réischt eemol gewonnen. Dat war 2005 a representéiert goufe si vum Helena Paparizou mam Titel "My Number One".

San Marino mat Megara

"11:11" heescht den Titel, deen d'Alternativ-Metal-Band séngt. Megara besteet aus dem Kenzy Loevett, Roberto La Rueta Ruiz, Sara Jiménez Moral an Isra Dante Ramos Solomando. A faarwegen Einhornkostümer triede si am Museksvideo op an hate sech an der Preselektioun Una Voce per San Marino duerchgesat.

Belsch mat Mustii

"Before the Party's Over" ass d'Lidd, mat sech eis belsch Nopere moosse wëllen. Den Thomas Mustin, och nach als Mustii bekannt, ass Auteur, Acteur, Komponist a Museker. Et gesäit een hien ënner anerem och an der belscher Versioun vum RuPaul's Drag Race. Do sëtzt hien an der Jury.

Lettland mam Dons

Mat "Hollow" setzt Lettland op eng Soul-Balad. D'Lidd huet de Kënschtler iwwregens selwer geschriwwen, zesumme mat de Songwriter Kate Northrop a Liam Geddes. Am Lidd geet et drëm, sech net soziale Konventiounen unzepassen, fir net emotional huel ze ginn.

Holland mam Joost Klein

"Europapa" ass eng Od un Europa an dem Joost Klein seng Elteren. Dëse Summer ass de Joost Klein virun allem duerch seng Zesummenaarbecht mam Ski Aggu an Otto Waalkes bekannt ginn. Si hunn d'Lidd Friesenjung nei adaptéiert. Friesenjung ass schonn eng Adaptatioun vum Sting sengem Englishman in New York. Weltwäit ass d'Lidd 100 Millioune Mol gestreamt ginn. Elo muss hien dee Succès just nach mat senger Versioun widderhuelen.

Malta mam Sarah Bonnici

Mam Lidd "Loop" wëll Malta gewannen, bis elo ass et fir d'Land nach net duergaangen. Eng zweet Plaz war dat bescht Resultat an och dat ass mëttlerweil 22 Joer hier. Mam Popsong vum Sarah Bonnici soll et elo klappen. Si gouf an der Preselektioun vum Jury op déi éischt Plaz gewielt, vun de Spectateuren op déi zweet Plaz.

Tschechien mam Aiko

"Pedestal" ass international besser ukomm wéi an Tschechien. An der tschechescher Preselektioun huet d'Aiko just duerch den internationale Voting gewonnen. Mat just den nationale Stëmme wier et d'Plaz 5 gewiescht. D'Sängerin heescht Alena Shirmanova-Kostebelova an ass a Moskau gebuer an an Tschechien opgewuess. Um Lidd huet si matgeschriwwen, et geet drëm, sech selwer gären ze hunn.

Georgien mam Nutsa Buzaladze

Op "Firefighter" ass de Choix a Georgien gefall. Bis elo hate si nach keng Chance um ESC a konnten nach keng Victoire mat Heem huelen. D'Nutsa soll dat änneren, si stoung ënner anerem scho mam Kylie Minogue op der Bün.

Israel mam Eden Golan

"Hurricane", sou heescht elo dann d'Lidd, mat deem Israel dës Joer optrëtt. Éischt Virschléi goufen net vun der EBU ugeholl. Dono si souwuel "October Rain" wéi "Dance Forever" si vun der EBU refuséiert ginn, well politesch Messagen enthale wieren. Anescht wéi déi aner Länner, goufe si net fir hir Plaz an der Halleffinall gezunn, mee sinn direkt an der zweeter Halleffinall ageplangt ginn. De Grond dofir ass, dass de 7. Mee ee Gedenkdag an Israel ass.

Norwegen mat Gåte

"Ulveham" heescht esou vill wéi Wollefshaut a gëtt vun der Folkrock-Band Gåte presentéiert. Well d'Lidd a senger éischter Versioun ze no un enger Ballad aus dem Mëttelalter war, hu si et nach eng Kéier missen iwwerschaffen, fir konform mat den ESC-Reegelen ze sinn.

D'Halleffinallen, de 7. an 9. Mee, souwéi déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2024 den 11. Mee gëtt live op RTL iwwerdroen.