Et sinn d'Haaptevents virum wierklechen Haaptevent wann ee sou wëll. E Stëmmungsbarometer. Rieds ass vun den ESC-Pre-Partyen.

D'Pre-Partyen am Kader vum Eurovision Song Contest ginn et queesch duerch Europa verdeelt. Déi verschidde Participanten notze se, fir de Bols bei de Spectateuren ze fillen an erauszefannen, wéi gutt si beim Public ukommen. Et bitt dem Fan deemno en idealen Avant-goût op dat, wat en an den Halleffinallen de 7. an 9. Mee, souwéi an der Finall den 11. Mee zu Malmö erwaart.

Pre-Partye ginn et zu Madrid, Barcelona, London, Amsterdam a Stockholm. Aus dëse soll sech dann och schonn erauskristalliséieren, wien dat gréisste Potential huet, de Contest dëst Joer ze wannen.

Barcelona Eurovision Party 2024

Zu Madrid war an der "Sala La Riviera" leschte Sonndeg den Optakt vun den ESC-Pre-Partys. Net manner wéi 28 vun de 37 ESC-Acts ware vertrueden. Déi nächst Party ass och a Spuenien, dës Kéier awer zu Barcelona an och nees 3 Deeg laang, vum 4. bis de 6. Abrëll.

Lass geet et mat der EUROfansCLUB donneschdes um 12.30 Auer bis 5 Auer e Freideg de Moien am Safari Club. Besonnesch owes suergen Eurovision-DJs do fir Stëmmung.

Weider geet et freides um 18 Auer mat der ESC Young fir Familljen a méi jonk Eurovision-Fans. Am berüümte Fräiliichtmusée Poble Espanyol, wat op Katalanesch sou vill heescht wéi spuenescht Duerf, respektiv am Deel "La Terrazza", stinn déi méi kleng Talenter vum Junior Eurovison Song Contest zesumme mat deene vun der spuenescher Talent-Show Euforia op der Bün. Dat Ganzt dauert dann och just bis 21 Auer.

No 21 Auer verwandelt sech de Poble Espanyol dann an en Open-Air-Club. Net just sëlleg Artiste ginn do erwaart, ma och d'Talenter aus der spuenescher Preselektioun, souwéi sëllege Fans, déi hinnen e bessert Resultat gewënscht hätten. Op der EURO JUSTICE kréie si nach emol d'Chance, hiert Talent ënner Beweis ze stellen.

E Samschdeg den Owend um 20 Auer dann ass den Haaptdeel, déi eigentlech Barcelona Eurovision Party 2024 am San Jordi Club, wou och e Groussdeel vun den aktuelle Participanten optrëtt. Och Acts, déi schonn emol op enger ESC-Bün stoungen, ginn do erwaart.

LEP London Eurovision Party

Hei ass d'Konzept vun de Pre-Partien entstanen an 2008 gouf et eng éischt ESC-Party organiséiert. Deemno versprécht dëst Joer dann och nach eng Grëtz méi speziell ze ginn, ëmmerhin ass et schonn déi 15. Editioun.

Iwwer 25 Acts vun dësem Joer gi sech nees erwaart, dorënner natierlech de brittesche Kandidat Olly Alexander. Ma och Lëtzebuerg ass mam Tali am Lineup nieft ville fréieren an nach aktuellen ESC-Kënschtler vertrueden.

Eurovision in Concert zu Amsterdam

Bei dësem Event den 13. Abrëll handelt et sech ëm déi gréissten ESC-Pre-Party. All Joer fanne sech net just Fans aus Europa, Australien an aus der ganzer aller Welt an der hollännescher Haaptstad zesummen, ma wéi bei all Pre-Party och de Gros vun de Kandidate vun dësem Joer. 29 hu sech ugemellt, fir dobäi ze sinn. An och d'Tali steet Mëtt Abrëll zu Amsterdam op der Bün. An och net iergendeng Bün.

D'AFAS Live ass 2001 offiziell opgaangen an huet säi Motto "Live will never be the same" all Éier gemaach an huet sech zu enger vun de modernsten Eventplazen an Europa entwéckelt.

Nordic Eurovision Party zu Stockholm

Hei handelt et sech ëm eng Première. Fir eng alleréischte Kéier gëtt de 14. Abrëll eng nordesch Pre-Party organiséiert, fir ze honoréieren, dass dës Länner am Ganze scho 14 Mol gewonne gouf: 7 Mol Schweden, 3 Mol Dänemark an 1 Mol Finnland.

Gefeiert gëtt am Berns zu Stockholm, dem eenzegaartegen Hotel an Entertainment-Tempel aus de 60er-Joren am Zentrum vun der Stad. Do gëtt et net just eng grouss Concertshal an eng riseg Danzpist, et fënnt een hei och nach vill Butteker, Restauranten a Baren, dat mat Bléck op d'Mier.

Nordic Music Celebration zu Oslo

Dësen neien Event, zesummegestallt vu Eurovision Norway, OGAE Norway an ESC Norge, reit sech vun elo un offiziell an de Circuit vun den Eurovision Pre-Partyen an. Déi éischt Editioun den 20. Abrëll ass an der Rockefeller Music Hall zu Oslo a soll virun allem sämtlech fréier an aktuell ESC-Interpreten aus den nordesche Regiounen nees zesummebréngen.

Entstanen ass de Projet am Februar 2023 a soll virun allem iwwert d'nordesch Grenzen eraus bekannten Artisten an enger memorabeler Nuecht zesummebréngen. An eppes sief mol scho verroden, dësen Event ass net fir Persounen ënner 18 Joer.

Copenhagen Eurovision Party: MalmöHagen

Wéi kann ee Malmö an Dänemark méi no zesummekréien? Genee, et organiséiert een eng Party.

De 4. Mee kann ee quasi ESC-Festival-Vibes erliewen an dat gutt eng Woch virun der grousser Finall zu Malmö. Wien onbedéngt do wollt dobäi sinn a keng Tickete méi krut, dee ka sech vläicht mat dësem Event vertréischten, ëmmerhi passen an den däneschen Institute for Sustainability, Innovation & Entrepreneurship ronn 5.000 Eurovision-Fans eran.

Am Ganzen hu sech och schonn 33 Live Acts ugemellt, dat verdeelt op zwee Concerten - eng Pre- an eng After-Show, op zwou Bünen. Donieft gëtt et e Quiz, e Karaoke-Contest a villes méi.

Eurovision Preview Night zu Biissen

Hei am Land gëtt et eng kleng Versioun vun esou enger ESC-Party, organiséiert vun der Gemeng Biissen zesumme mam  Eurovisiounsclub Lëtzebuerg an der Associatioun LUkraine asbl.

Den 19. Abrëll kënnt Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest op der "Eurovision Preview Night" nach emol op der Bün erliewen, dat an der Hal Frounert. Donieft ginn déi 37 offiziell Videoclippe vun de Länner projezéiert, déi dëst Joer un der Eurovisioun zu Malmö deelhuelen.

An engem Voting gëtt do dann och de perséinleche Favorit ermëttelt. De ganzen Erléis vum Owend gëtt un d'Associatioun LUkraine asbl gespent. Jiddwereen ass wëllkomm, den Entrée ass gratis.