An net mol engem Mount geet et zu Malmö lass. De 7. Mee ass déi éischt Halleffinall, bei där och Lëtzebuerg mat dobäi ass.

Vun de "Big Five" wäerten deen Dag och Däitschland, Groussbritannien an donieft och Schweden mat optrieden. Wat heescht dat konkret?

Däitschland a Groussbritannien gehéieren jo zu de sougenannte "Big Five"-Länner, zesumme mat Frankräich, Spuenien an Italien. Dat sinn déi Länner, déi déi héchst Montanten un d'EBU (European Broadcasting Union) bezuelen.

Déi Montante ginn iwwert ee Punktesystem vun der EBU gerechent. Wat d'Aschaltquote méi héich sinn, den ESC-Contenu also méi consomméiert gëtt, wat ee méi Punkte kritt an dat wierkt sech deen Ament op de Montant aus, deen all Land muss bezuelen. Verschidde Montante sinn och public. Zum Beispill huet 2022 Nordmazedonien 39.143 Euro bezuelt, am selwechte Joer huet Spuenien, Deel vun de Big Five, 640.000 Euro bezuelt. Dat sinn Zuelen, déi den ARD recherchéiert huet an een hei noliese kann. Schweden gehéiert net zu de "Big Five", mee huet d'lescht Joer gewonnen an dierf dofir, grad wéi déi aner 5 Länner, sécher den 11. Mee an der Finall optrieden. All déi aner Länner musse sech virdru géint hir Konkurrenten duerchsetzen. Dëst Joer ass nei, dass d'Big Five awer dierfen an der Halleffinall schonn optrieden. Dat kéint ee Virdeel sinn, well si esou schonn d'Chance hunn, wéi déi aner Länner och, hiert Lidd ze presentéieren.

Dobäi kënnt, dass déi Länner och mat ofstëmme kënnen. D'Halleffinalle lafen dëst Joer jo just iwwert den Zuschauervoting.

Wie sinn d'Big Five?

Däitschland mam Isaak

"Always On The Run" ass den Titel, mat deem Däitschland um ESC matmécht. Den Isaak huet sech an der nationaler Preselektioun duerchgesat a Castingshowe si fir den 29 Joer ale Kënschtler näischt Neies. Hie war ënner anerem scho bei "The X Factor" mat dobäi an huet d'Online-Emissioun "Show your talent" 2021 gewonnen. Däitschland huet 2010 mam Lena Meyer-Landrut fir d'lescht gewonnen. Do virdru war hir eenzeg aner 1. Plaz 1982 mam Nicole.

Groussbritannien mam Olly Alexander

"Dizzy" presentéiert den Olly Alexander fir Groussbritannien an gouf intern vun der BBC ausgewielt. Hien ass Sänger a Schauspiller a setzt sech fir LGBT+ Rechter an. Groussbritannien huet fir d'lescht 1997 den ESC gewonnen.

Frankräich mam Slimane

"Mon Amour" heescht d'Ballad, déi de Slimane wäert op der ESC-Bün sangen. Et war eng intern Entscheedung. De Slimane huet 2016 "The Voice" a Frankräich gewonnen. Véier Mol huet Frankräich bis elo den ESC gewonnen, 1977 fir d'lescht mam Marie Myriam an hirem Titel "L'oiseau et l'enfant".

Spuenien mat Nebulossa

"Zorra" ass den Numm vum Lidd, mat deem Spuenien wäert an d'Course goen, dat awer wéinst dem Titel scho fir prekär Diskussioune gesuergt huet. Am Lidd geet et ëm weiblech Selbstbestëmmung, et ass awer d'Bedeitung vum Wuert, déi uneckt. Nebulossa ass een Duo, hannert deem d'Marie Bas an de Mark Dasousa stiechen. Déi zwee sinn och am privaten eng Koppel. Zwee Mol huet Spuenien bis elo gewonnen, fir d'lescht 1969.

Italien mam Angelina Mango

"La Noia" bedeit sou vill wéi "Langweil" an ass och den Titel vum Angelina Mango hirem Lidd. Si huet 23 Joer an ass d'Gewënnerin vum Sanremo Musik Festival, duerch dee si et bis op Malmö op d'Bün gepackt huet. Italien huet dräi Mol de Concours gewonnen, 2021 fir d'lescht mat der Band Måneskin.

Wien ass d'Host City Schweden?

Schweden mam Marcus a Martinus

"Unforgettable" ass d'Lidd vun den norwegesche Sänger, déi fir Schweden starten. Si sinn Zwillingsbridder a sangen Elektro-Pop. A Schweden ginn d'Vertrieder fir den ESC iwwert de Melody Festival erausgesicht. Mat 10 Joer hu si scho beim norwegesche Melodi Grand Prix Junior matgemaach. 2023 si si op der zweeter Plaz hannert dem Loreen gelant um Melody Festival. Dëst Joer ass et da fir si duergaangen. Schweden huet scho 7 Mol gewonnen.