6.500 Leit hat et leschte Weekend an d'AFAS Live Arena zu Amsterdam verschloen, fir 30 vun den Artisten ze gesinn, déi dëst Joer fir hirt Land beim ESC untrieden.

Ënnert hinne war och d'Tali, wat mat "Fighter" fir Lëtzebuerg untrëtt. Déi Woch virdru war et schonn zu London opgetrueden. Och dat war eng sougenannte "Pre-Party", respektiv schwätzt ee bei Amsterdam éischter vun engem Promo-Concert, vue dass et an enger richteger Concertshal an net an engem Club ofspillt, sou de René Romkes, deen 2009 den "Eurovision in Concert" mat an d'Liewe geruff huet.

Zil wier et gewiescht, den Hollänner d'Loscht um ESC erëmzeginn, sou den Organisateur. Nodeems si sech wärend Joren nämlech net fir d'Finall qualifizéiert kruten, war den Enthusiasmus an den Interessi beim generelle Public zimmlech geréng ginn.

Scho bei der éischter Editioun hu si awer gemierkt, dass si ganz offensichtlech een Nerv getraff hunn. "Mir hu mat 7 oder 8 Delegatioune gerechent. Schlussendlech waren der 19 do", erënnert de René Romkes sech. Zanterhier war all eenzel Editioun ausverkaaft an dat, dacks e puer Woche virum Event a bannent e puer Deeg.

Och dës Kéier krute si déi ganz Hal voll. 30 Artisten haten hire Wee op Amsterdam fonnt, ënnert hinnen den Isaak vun Däitschland, de Baby Lasagna, dee fir Kroatien an d'Course geet, d'Schwede Marcus a Martinus, déi dëst Joer den Optakt an der Malmö Arena maachen, d'Italienerin Angelina Mango, a vill méi.