Nach gutt 3 Wochen, dann ass et souwäit, dann ass am schwedesche Malmö de Eurovision Song Contest lancéiert. An d'Sécherheet gëtt grouss geschriwwen.

Schwéier arméiert Polizisten, strikt Kontrollen a Verstäerkung aus dem Ausland. Dat ass mat den "däitlech siichtbare" Sécherheetsmesurë gemengt, déi Malmö lo ugekënnegt huet. De Per-Erik Ebbestahl, Sécherheetsbeoptraagte vun der Stad, huet e Mëttwoch matgedeelt, dass un den Entréeën, iwwerall, do wou eppes organiséiert ass, ganz streng Kontrolle wäerte gemaach ginn. Posche wieren zum gréissten Deel verbueden.

Verstäerkung gëtt et vun der Police aus Norwegen an Dänemark. An dat arméiert, méi wéi soss. "Mat normale, mä och schwéiere Waffen", huet d'Policecheffin Petra Stenkulla präziséiert. Dat wieren d'Mënschen a Schweden zwar net gewinnt, ma dës Mesurë wieren awer néideg. Et wéilt een absolut verhënneren, dass et zu engem "schwéieren Tëschefall" kënnt.

Besonnesch virum Hannergrond vum Noost-Konflikt wier d'Sécherheetslag méi ugespaant. An der 362.133-Awunner-Stad Malmö liewe Mënschen aus 186 Natiounen, dorënner vill Mënsche mat palästinenseschen Originnen. Op d'mannst eng hallef Dosen Organisatiounen hunn da schonn zu Demonstratioune géint d'Participatioun vun Israel beim ESC opgeruff.

Bis ewell wier d'Sécherheetslag "immens stabel", verséchert d'ESC-Produktiounscheffin vun der schwedescher Televisiounschaîne SVT, d'Ebba Adielsson. "Am meeschten Angscht mécht mir bis ewell, dass d'Leit sou vill Angscht hunn, fir bei den ESC ze kommen".

Zu Malmö gi wärend der ESC-Woch ëmmerhi méi wéi 100.000 Visiteuren erwaart.

D'Tali trëtt jo de 7. Mee an der zweeter Hallschent vun der éischter Halleffinall op der Bün fir Lëtzebuerg.

Op RTL kënnt dir d'Halleffinallen de 7. an 9. Mee suivéieren, souwéi d'Finall den 11. Mee.