Fir ee groussen Evenement wéi de Eurovision Song Contest brauch et Leit, déi dat Ganzt presentéieren. Sou wéi och scho fir de Luxembourg Song Contest.

Spokesperson fir Lëtzebuerg

D'Désirée Nosbusch wäert den 11. Mee an der grousser Finall d'Punkten aus Lëtzebuerg iwwermëttelen. Domadder geet d'ESC-Geschicht fir d'Lëtzebuergerin weider.

No hirer Moderatioun 1984 als Host beim Grand Prix Eurovision de la chanson am Groussen Theater an der Stad an der Co-Moderatioun vum Luxembourg Song Contest Ufank dëst Joer zu Esch huet déi bekannten Actrice dann elo och déi grouss Éier, beim Comeback vu Lëtzebuerg der Welt matzedeelen, wou déi 12 Punkte vu Lëtzebuerg higinn.

RTL

© Jeanne Degraa

ESC-Kommentatoren op RTL

Den RTL-Presentateur Raoul Roos an den ESC-Expert Roger Saurfeld, de Vizepresident vum Lëtzebuerger Eurovisiounscomité OGAE Lëtzebuerg, wäerten d'Lëtzebuerger Stëmme vum Eurovision Song Contest zu Malmö ginn, um Radio an op der Tëlee.

Den Duo wäert déi zwou Halleffinallen de 7. an 9. Mee live vu Malmö, wéi och déi grouss ESC-Finall den 11. Mee kommentéieren. D'Preparatiounen heifir lafen op Héichtouren. Fir lo schonn an Eurovision-Stëmmung ze kommen, wäerte si de Public mat der Mini-Serie "Prett fir Malmö?" vun e Méindeg un op déi grouss Showe virbereeden. Do wäerten et dann och Äntwerten op vill gestallten ESC-Froe ginn.

ESC live op RTL

RTL Radio, Télé, RTL.lu, Today, Infos, RTLplay an RTL Socials: iwwerall wäert de Eurovision Song Contest an den nächste Wochen e grousst Thema sinn. Mat all den Infoen zum grousse Museksconcours, Spezialsendungen, Live-Interventioune vu Malmö an natierlech all den Nouvellë ronderëm d'Lëtzebuerger Kandidatin Tali.

An natierlech ginn d'Halleffinallen an d'Finall live op Radio, Télé an Internet iwwerdroen, an dat multilingual.