De Raoul Roos an de Roger Saurfeld sinn d'Stëmme fir Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest zu Malmö, dat fir Radio an Tëlee.

D'Preparatioune fir de grousse Gesangsconcours a Schweden lafen op Héichtouren. Ma scho virum groussen Event hunn den RTL-Presentateur Raoul Roos an de Vizepresident vum Lëtzebuerger Eurovisiounscomité OGAE Lëtzebuerg Roger Saurfeld d'Leit op den ESC agestëmmt.
Den Duo kommentéiert déi zwou Halleffinallen de 7. an 9. Mee souwéi déi grouss ESC-Finall den 11. Mee. live vu Malmö.

Mat der Serie "Prett fir Malmö?" ass dann och garantéiert, dass d'ESC-Fans dobaussen um neiste Stand bleiwe bis et lassgeet. Eppes ass dem Duo nämlech opgefall, lo wou den Eurovision méi no kënnt: d'Leit schécken ëmmer méi Froen eran. Zum Beispill, wisou et keen Orchester méi gëtt...

Wann Dir Iech déi Fro och scho gestallt hutt oder eng aner onbeäntwert ESC-Fro hutt, da kuckt Iech hei nach emol un, wéi eng Froe gestallt goufen a wéi d'Äntwerte sinn.

All d'Episoden

"Prett fir Malmö"? - Episod 1
Firwat gëtt et keen Orchester méi a wéi ginn iwwerhaapt d'Punkte verdeelt?
"Prett fir Malmö?" - Episod 2
Firwat ginn et esou vill verschidde Stiler u Musek beim ESC?
"Prett fir Malmö?" - Episod 3
Eis ESC-Kommentatore beschäftege sech mat de Froen ëm d'Big-Five-Länner a wisou et iwwerhaapt Halleffinalle ginn.
"Prett fir Malmö?" - Episod 4
Wat ginn et fir wichteg Reegelen um ESC, ass Playback iwwerhaapt erlaabt a wisou dierfe Länner matmaachen, déi net zu Europa gehéieren?
"Prett fir Malmö?" - Episod 5
Déi bescht Natiounen um ESC, gëtt et eng, déi vir ass? A wou steet Lëtzebuerg?