De weltwäiten Ticketsverkaf, fir den ESC a Schweden kënne live matzëerliewen, huet en immense Succès erlieft.

An am Ganzen 89 Länner hunn d'Leit Tickete kaf. Déi 3 Kontinenter, an deenen déi meeschten Tickete verkaaft goufen, sinn Europa, Nordamerika an an Australien.

66,5 Prozent vun de Persounen, déi sech en Ticket bestallt hunn, sinn Auslänner, déi aner 33,5 Prozent kommen aus der Host-Stad Malmö. Spëtzereider an der Ticketsvente bleift awer Groussbritannien, d'lescht Joer jo en plus Host-Land fir d'Ukrain. D'Vereenegt Kinnekräich läit mat bal engem Fënneftel vun der kompletter Vente (18%) op Plaz 1.

Eppes fält op

Déi meescht Tickete goufe wuel zwar a sämtleche 37 Participatiounslänner kaaft, ma 11% vun dëser Vente kommen aus osteuropäesche Länner. Ma d'Fans wäerten aus allen Ecke vun der Welt ugereest kommen, notamment aus Neiséiland, Argentinien, Indien a China. Dëst weist dann och, wéi beléift dëse Museksconcours weltwäit ass.

Wat nach opfält, och an den USA ass den Eurovision immens beléift. Do mécht d'Vente 5,5 Prozent vum kompletten Ticketsverkaf aus, 50 Prozent sinn et souguer bei der net-europäescher Ticketsvente.

An d'US-Fans hu kee Favorit. Fir all néng Showe goufen Tickete bestallt, woubäi d'Live-Showen tendenziell nach méi beléift sinn. Eleng fir déi éischt Halleffinall ass all 10. Ticket un ee Fan aus den USA gaangen.

Et kann een also kloer behaapten, dass den Eurovision Song Contest zum gréisste live Museksevenement op der Welt zielt. Hei zielt nämlech net just d'Ticketsvente, weltwäit wäerten eng 180 Millioune Leit den ESC vun doheem aus, entweder op der Tëlee oder online suivéieren.

RTL ass natierlech live mat dobäi, sief et um RTL.lu, Radio, Télé oder nach bei de Kolleege vun Today, Infos an op RTLplay souwéi op den RTL Socials. Iwwerall wäert de Eurovision Song Contest an den nächste Wochen Toppthema sinn.

An natierlech ginn d'Halleffinallen an d'Finall live iwwerdroen an op eise Plattforme gewisen.

Zuele vun den Ticketen déi zu Lëtzebuerg verkaf goufen, hu mer net kritt.