En Donneschdeg war déi lescht Prouf zu Lëtzebuerg an der Rockhal, déi nächst Kéier steet d'Tali dann an der Malmö Arena op der Bün fir ze üben.

A genee dohin ass d'Tali e Freideg geflunn.

Eise Fotograf Steve Müller war net just bei der leschter Prouf an der Escher Rockhal mat senger Kamera mat dobäi, hien huet d'Tali och um Findel begleet.

E Freideg goung d'Rees lass vu Lëtzebuerg a Richtung Schweden. De 7. Mee steet d'Tali jo an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest op der Bün a stellt sech senge Konkurrenten.

RTL ass live fir Iech mat dobäi a streamt béid Halleffinallen de 7. an 9. Mee souwéi d'Finall den 11. Mee an dat multilingual op all eise Plattformen.

RTL

© Eric Lehmann

Um Wee op Malmö: E Ständchen am Fliger
Déi Leit, déi mam Tali zesumme mam Fliger a Schweden souzen, kruten eppes Klenges gebueden.