Wärend enger knapper Woch konnt een um ESC-Quiz deelhuelen. E Freideg de Moie gouf de Gewënner bekannt.

D'Gewënnerin oder de Gewënner?

Den éischten Numm gouf um 7.10 Auer affichéiert an iwwer Radio Lëtzebuerg genannt an och op RTL.lu publizéiert.

Dës Persoun hat bis 7.20 Auer Zäit, op der Telefonsnummer 42142 - 2228 unzeruffen.

Eenzeg Konditioun: All d'Froen am Quiz hu misse richteg beäntwert sinn, fir ausgeloust ze ginn.

A gewonnen huet: de Marco B. Um 7.14 Auer war hien um Telefon.

De Marco geet och net eleng op d'Rees, hie flitt zesumme mat senger Fra bei den ESC.

RTL schéckt de Marco op Malmö!
Wärend enger knapper Woch konnt een um ESC-Quiz deelhuelen. E Freideg de Moie gouf de Gewënner bekannt.

Wat kann ee gewannen?

Ze gewanne gouf et zwou Entréeën, fir d'Finall vum Eurovision Song Contest 2024 live matzëerliewen. Mat am Gewënn-Package ass de Vol vu Lëtzebuerg op Kopenhagen den 10. Mee, mam Retour den 13. Mee. Mat abegraff sinn och dräi Nuechten an engem 4-Stären-Hotel zu Malmö!