E Sonndeg am Nomëtteg ass et zu Malmö esou richteg glamouréis ginn.

Et war den offizielle Lancement vun der 68. Editioun vum Eurovision Song Contest zu Malmö. An deem Kader gëtt ëmmer op den turquoisen Teppech invitéiert. En immens wichtegt Evenement, well hei déi international Press mat dobäi ass a sämtlech Medienhaiser gären Interviews hätten. Et heescht fir alleguerten d'Kënschtler esou richteg opzefalen. Dofir muss den Outfit stëmmen an et dierf näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn. Dës Interviewe ginn nämlech ronderëm d'Welt.
D'Lëtzebuerger Kandidatin Tali huet sech fir en Outfit vum Designer Yanis Miltgen decidéiert. 40.000 Pärele goufen hei verschafft an d'Jackett weit net manner wéi 7 Kilo. Begleet gouf d'Tali vun der Lëtzebuerger Delegatioun a gläichzäiteg gouf dovunner profitéiert, fir och nach e bësse Contenu fir Social Media ze produzéieren.

Am RTL-Interview sinn eng ganz Rei aner Kandidaten drop agaangen, wéi gutt hinnen d'Lidd vum Tali gefält an hu betount, datt ee sech ënnerteneen immens gutt versteet. Et wier een definitiv wéi eng grouss Famill an zu Malmö, fir zesumme Musek ze maachen a positiv Noriichten an d'Welt ze droen. Och den däitsche Museker Isaak sot am Interview: "Wir sind United by Music. Überall passiert Quatsch in der Welt, aber wir hier treffen uns und sind vereint durch die Musik. Alle Anderen können uns mal!"

Zu Malmö sinn eng ganz Rei Demonstratiounen dëser Deeg, d'Participatioun vun Israel gëtt staark kritiséiert. Net nëmmen déi schweedesch Police, mee och aus Dänemark an Norwegen suergt fir d'Sécherheet, déi bei dëser Editioun nach méi grouss geschriwwen ass.

Malmö ass prett fir den ESC

Een Dag virun der éischter Halleffinall, an där d'Tali fir Lëtzebuerg wäert untrieden, spiert ee sou lues d'Eurovisioun-Stëmmung zu Malmö. Am "Eurovision Village" ass och alles prett fir déi ronn 100.000 Visiteuren, déi sech erwaart ginn. Gadgeten, Concerten, Public Viewings – dat alles gëtt et am ESC-Duerf. Ma och d'Sécherheet ass en Thema bei dësem Event. D'Leit gi streng kontrolléiert an d'Police kritt souguer Ënnerstëtzung aus dem Ausland.

De Loïc Juchem ass fir eis zu Malmö an huet méi Detailer.

Live vu Malmö een Dag virun der Halleffinall
Wat kann een alles um ESC erliewen, wien huet d'Tali begleet a wéi geet et him? Déi Froe beäntwert de Loïc Juchem.

Flott Andréck vu Malmö, der ESC-Delegatioun a villes méi

Wëllkomm am "Eurovision Village"
E puer Andréck vun der Plaz (onkommentéiert Bildmaterial)
Net jiddereen ënnerstëtzt den ESC
Protestéiert gëtt ënner anerem géint d'Participatioun vun Israel. D'Sécherheet ass dowéinst zu Malmö immens eropgeschrauft ginn. (onkommentéiert Bildmaterial)
Wéi ass et fir d'ESC-Delegatioun?
Net jidderee vun der Lëtzebuerger Delegatioun kënnt vum RTL, mä aus verschidde Milieuen, wéi den Eric Lehmann, Head of the Luxembourg Delegation, verréit.
D'Lëtzebuerger ESC-Delegatioun ënnert sech
(onkommentéiert Bildmaterial)