15 Länner sinn an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest géinteneen ugetrueden, just 10 si weider komm.

D'Spannung beim Public Viewing war grouss, wéi sech no an no d'Plaze fir d'Final gefëllt hunn a Lëtzebuerg nach geziddert huet.
"Je tremble encore. Je suis super content. Incroyable!", erzielt ee vun de Spectateuren. Eréischt ganz zum Schluss, als leschten, konnt sech Lëtzebuerg freeën an domadder och d'Leit um Public Viewing am Chouchou.

"Den ESC war schonn ëmmer een Doheem fir jiddereen, dee sech ausdrécke wollt"

En Dënschdegowend waren eng 180 Leit ugemellt, fir sech zesummen am Chouchou an der Stad d'Halleffinall unzekucken. Den Event war organiséiert vu Les après-midi Chouchou, Apery Lux a Rosa Lëtzebuerg. D'Organisatioun Rosa Lëtzebuerg setzt sech fir d'Rechter vun der LGBTIQ-Communautéit an. Den Eurovision Song Contest hätt nämlech e wichtege Stellewäert an der queerer Kultur.

"Et ass esou, dass ganz vill Leit sech och scho fréi mat den Artisten identifizéiert hunn. Et si staark Zeechen, fir sech selwer duerzestellen, och fir sech selwer ze fannen", erkläert den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg. "Dofir ass et och fir eis haut nach ëmmer wichteg, einfach dat anescht sinn an einfach all Form vun Identitéit ze zelebréieren."

Dëst Joer trieden och e puer ESC-Participanten aus der LGBTIQ-Communautéit op, zum Beispill Bambie Thug (Irland) , Nemo (Schwäiz), de Silvester Belt (Litauen), d'Zaachariaha Fielding an de Michael Ross (Australien), de Mustii (Belsch), d'Saba (Dänemark), d'Kenzy Loevett (San Marino) an den Olly Alexander (Groussbritannien).

D'queer Geschicht um ESC

1997 huet Island déi éischte Kéier mam Paul Oscar een oppe schwulen Artist op de Concours geschéckt. Ee Joer drop trëtt mam Dana International fir Israel déi éischt transgender Persoun um ESC op. Och e grousse Moment, den Optrëtt vum Conchita Wurst virun 10 Joer.

"D'Conchita ass ee prominent Beispill, wann een einfach nëmmen zréckdenkt, dass d'Conchita duerno och nach selwer eng Roll als Representantin am Numm vum europäesche Parlament wouergeholl huet, do gesäit ee schonn, dass do ee ganz staarke Mouvement do ass, fir Mënscherechter, fir d'Unerkennung", esou den Andy Maar.

Zanter e puer Joer gëtt et op der Lëtzebuerger Pride Week och een Dag, deen de Eurovision Song Contest zum Thema huet. An dëst Joer wäert dann och d'Conchita Wurst op der Pride zu Esch optrieden. Dat mat nach e puer anere fréieren ESC Participanten.

D'Pride Week ass vum 6. bis de 14. Juli. Hei fannt Dir méi Informatiounen.