Virun 2 Deeg konnt sech d'Tali eng Plaz an der Finall sécheren, elo hu sech déi 10 aner Semifinalisten duerchgesat.

16 Länner stoungen en Donneschdeg den Owend an der zweeter Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2024 op der Bün. 10 vun hinnen hunn et gepackt an trieden e Samschdeg, den 11. Mee an der Finall, wou och d'Tali op der Bün steet, nach emol op:

  • Lettland / Dons - Hollow
  • Éisträich / Kaleen - We Will Rave
  • Holland / Joost Klein - Europapa
  • Norwegen / Gåte - Ulveham
  • Israel / Eden Golan - Hurricane
  • Griichenland / Marina Satti - ZARI
  • Estland / 5MIINUST x Puuluup - (nendest) narkootikumidest ei tea me (küll) midagi
  • Schwäiz / Nemo - The Code
  • Georgien / Nutsa Buzaladze - Firefighter
  • Armenien / LADANIVA - Jako

De Public huet dann awer och nees e puer Länner net weider gewielt. De Juryvoting an den Halleffinalle gouf jo 2023 ofgeschaaft. Net méi dobäi sinn deemno Malta, Albanien, Tschechien, Dänemark, San Marino an eis belsch Noperen.

Och Big-Five-Länner, dës Kéier Frankräich, Spuenien an Italien, haten en Donneschdeg eng éischte Kéier d'Méiglechkeet, sech offiziell op der Bün ze presentéieren. Si si jo automatesch an der Finall, zesumme mat Groussbritannien an Däitschland.

D'Iwwerraschung vum Owend war ganz sécher, dass Israel weiderkomm ass. Net, dass d'Eden Golan net gutt war, ma d'Land steet wéinst dem Virgoen an der Gazasträif an der Kritik, d'Participatioun beim ESC ass hefteg ëmstridden. Vereenzelt negativ Reaktioune waren och ze héieren, ma um Enn vum Optrëtt och vill Begeeschterung.

An deem Kader gouf et dann och Demonstratioune virun der Malmö Arena. Ronn 5.000 Leit hunn do friddlech protestéiert.