Trotz de Boykottfuerderungen huet et d'Eden Golan fir Israel an d'Finall vum Eurovision Song Contest gepackt.

Ma net just dat, an de Statistike läit Israel elo och nach ganz vir a wiesselt sech mat Kroatien op den éischten 2 Plazen of. Mat zu de Favoritte gehéiert och nach ëmmer d'Schwäiz, hannendru Frankräich, d'Ukrain an Irland. Italien, Holland, Griichenland a Finnland ass zanter den Halleffinallen dann och an dëser Top 10 erëmzefannen.

D'Kriticke ronderëm d'israeelesch Participatioun räissen allerdéngs net of. Eleng en Donneschdeg hu sech zu Malmö ronn 5.000 Leit zesummefonnt, fir friddlech ze protestéieren. D'Protester riichte sech an der Haaptsaach géint d'Virgoe vun Israel géint d'Hamas an der Gazasträif no der Attack am Oktober d'lescht Joer.
Kuerz virum Optrëtt vun der 20 Joer jonker Eden Golan hat de Protest dunn och säin Héichpunkt erreecht. Der lokaler Police no waren deen Ament 10.000 bis 12.000 Demonstranten zesummekomm. Et gouf op en Neits den Ausschloss vun Israel beim ESC gefuerdert.

Och bei der Europäescher Rundfunkallianz EBU gouf sech mam Thema befaasst. Den israeelesche Bäitrag hat do och fir Diskussioune gesuergt, d'Lidd hat jo ursprénglech "October rain" geheescht. Dës Versioun gouf refuséiert, well et sech ze vill op d'Hamas-Attack géif bezéien. Israel huet den Text geännert an d'Eden Golan trëtt jo elo mat "Hurricane" op.

Dat Ganzt hat um Enn keen Afloss op d'Decisioun vun de Spectateuren, déi Israel weider gewielt hunn. An den Halleffinallen zielt eleng de Voting vum Public.

Den ESC ass dee Museksconcours, dee weltwäit am meeschte suivéiert gëtt. D'Show soll der EBU no onpolitesch sinn, ma hanner all Lidd verstoppt sech dacks ee klenge politesche Message oder schwätzt bestëmmt Polemiken un.

Och den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu hat sech am Hibléck zu den Demonstratiounen zu Malmö zu Wuert gemellt an et eng "schrecklech Well vum Antisemitismus" genannt. An engem Videomessage un d'Eden Golan hat hien him bonne Chance gewënscht. A sengen Aen hätt d'Sängerin scho gewonnen, well si sech dem Antisemitismus géing entgéintstellen.