Den Dave Gloesener ass de Responsabele vum Eurovision Song Contest bei RTL. Mir hu mat him iwwer dem Tali seng Chancen an der Finall an de Retour vu Lëtzebuerg bei der Eurovisioun geschwat.

Déi lescht Deeg ware ganz intensiv, sou en dach éischter entspaanten Dave Gloesener. Mam Erreeche vun der Finall hätt een elo schonn dat ageléist, wat ee sech virgeholl hätt.

"Doriwwer si mer alleguerte ganz, ganz frou a mir soen ëmmer: Alles wat elo kënnt, ass Bonus. Dat heescht, mir sinn einfach frou, dass mer kënnen dobäi sinn, dass mer eis Artistin, eist Land, dass mer Lëtzebuerg kënnen op der grousser Bün weisen. Natierlech hoffe mer elo, dass mer net déi Lescht ginn, dat ass jo evident, mee do si mer iwwerzeegt, dass dat net wäert de Fall sinn."

Natierlech géif een och gäre gewannen, mee do wier ee realistesch genuch, dass dat schwéier wäert ginn. An der zweeter Halleffinall hat de Voting vum Public nach fir déi eng oder aner Iwwerraschung gesuergt, dat kéint och e Samschdegowend de Fall sinn.

Retour vu Lëtzebuerg gëtt gefeiert

Dem Tali säin Optrëtt wollt den Dave Gloesener aus dem Public erliewen. Et wier extrem flott gewiescht, deen Ament ze erliewen, wéi Lëtzebuerg nees no 31 Joer op der Bün stoung: "Dat war esou de Moment, wou s de gespuert hues, déi lescht zwielef Méint, wou mer geschafft hunn, hunn hei e Resultat."

RTL

De Retour vu Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest gouf ganz positiv opgeholl. Et sti Leit mat Lëtzebuerger Fändel do, se géife klappen a matsangen. Datt et esou eng grouss Euphorie géif ginn, hätt sech de Responsabele vun RTL Radio Lëtzebuerg esou net kënne virstellen.

Protester wéinst Participatioun vun Israel

Dës Woch gouf et ëmmer nees Protester, dat well Israel net vun der Competitioun ausgeschloss gouf. D'Lëtzebuerger Delegatioun huet dovunner net esouvill matkritt. Bis op en Donneschdeg, wou et eng gréisser Manifestatioun zu Malmö gouf.

"Wou mer an der Stad ënnerwee waren, hu mer zum Deel Demonstratioune begéint. Mir hunn et elo als relativ friddlech empfonnt. […] Et muss een och soen, dass d'ganz Stad extreem ofgeséchert ass. Et si ganz vill Polizisten hei. Et si ganz vill Patrullen, déi duerch d'Géigend fueren."

RTL

© AFP

Zanter déi israeelesch Delegatioun zu Malmö ass, hätt ee scho gemierkt, dass d’Sécherheet nach emol verstäerkt gouf.