Ugangs Dezember huet d'Tali nach zu New York gelieft a probéiert, sech als Sängerin, Schauspillerin a Gesangsproff duerchzesetzen.

Knapp en halleft Joer duerno steet hatt op der Eurovision-Song-Contest-Bün a séngt e Samschdeg den Owend virun engem Millioune Publikum. "Et si wierklech surrealistesch Saache geschitt. Et war ganz intensiv", seet d'Tali eis an engem Interview am Mäerz.

Zanter der Ukënnegung, dass hatt an der Finall vun der nationaler Preselektioun ass, hat hatt keng roueg Minutt méi. Prouwen, Coachingen, Interviewen stoungen ënner anerem un der Dagesuerdnung.

Grouss Momenter waren zum Beispill den Dréi um Pont Adolphe. Déi nei Bréck ass zwou Stonne laang an der Nuecht gespaart ginn, ee Piano ass extra geliwwert ginn, fir ee Museksvideo zu der akustescher Versioun vu "Fighter" opzehuelen. "Dat war warscheinlech de beschten Dréi, deen ech jeemools gemaach hunn. Ech sinn esou geéiert, dass ech konnt d'Bréck notzen an dass si gespaart war", esou d'Tali virun.

Oder och de Promo-Concert zu Amsterdam, bei deem eng Partie ESC-Kandidaten opgetruede sinn. Do ass d'Tali net just viru Lëtzebuerger Public opgetrueden, mee et huet och eng éischte Kéier international Spectateure misste begeeschteren.

Wéi d'Tali déi ganz Zäit erlieft huet, huet hatt dem Loïc Juchem virun e puer Deeg an engem Interview erzielt. Kuckt hei nach eng Kéier dat ganzt Gespréich.

Um Tali sengem Instagram huet sech d'Unzuel u senge Follower verzéngfacht, Interviewe mat nationaler an internationaler Press stinn op der Dagesuerdnung a berüümt Kënschtler, wéi de franséische Sänger Slimane sangen am Duett mam Tali fir d'sozial Netzwierker. Et huet sech esou munches geännert bei der Gesangsproff vun New York.