Verschidde Kënschtler a Journaliste fuerderen den Ausschloss vun Israel vun der grousser Finall an zu Malmö kënnt et ëmmer nees zu propalästinensesche Protester.

E Samschdeg den Owend ass zu Malmö a Schweden déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest. Fir Lëtzebuerg huet sech jo d'Tali an der éischter Halleffinall en Dënschdeg qualifizéiert. An dat no 31 Joer, an deenen de Grand-Duché net méi dobäi war. Ma d'Musek schéngt zanter der zweeter Halleffinall en Donneschdegowend awer éischter an den Hannergrond geréckelt ze sinn.

Politesch Vue beim ESC / Reportage Loïc Juchem

Kritik wéinst Participatioun vun Israel

D'Situatioun op der Plaz war ugespaant, dat virun allem wéinst der Participatioun vun Israel, erzielt den Loïc Juchem, dee fir RTL zu Malmö mat dobäi ass.

Eng ganz Partie Demonstratioune goufen et an de leschten Deeg, och en Donneschdeg. E puer dausend Leit hate sech zu Malmö versammelt, fir géint d'Participatioun vun Israel ze demonstréieren. Och e Samschdeg, um Dag vun der grousser Finall also, ass mat weider propalästinenseschen Demonstratiounen ze rechnen. D'Leit fuerderen, datt Israel vum ESC soll ausgeschloss ginn.

An där politesch Message goufen et de leschten Deeg ëmmer méi. D'Bambi Thug aus Irland huet zum Beispill wärend enger Pressekonferenz Free Palestine geruff. Och aner Kënschtler, wéi de Joost Klein, hu sech geäussert a wärend enger Pressekonferenz d'Fro gestallt, wisou déi israeelesch Participantin Eden Golan beim ESC dobäi ass. Si géif domadder aner Leit a Gefor bréngen. D'Sécherheet, esou verschidde Kënschtler an och Journalisten op der Plaz, wier net méi esou garantéiert, dofir misst Israel ausgeschloss ginn. Et ass also eng ugespaante Situatioun. D'Musek réckelt e bëssen an den Hannergrond.

Joost Klein net bei Prouwen dobäi a vun ESC ausgeschloss.

De Joost Klein gouf e Freideg vun all de Prouwe gestrach. En huet net dierften op d'Bün, well et zu engem Virfall komm ass. Eng handgräiflech Attack soll et gi sinn, bei där d'Police ermëttelt. Aus deem Grond gouf den Hollänner e Samschdeg an der Mëttesstonn och aus der Course geholl. Den hollännesche Sänger huet zu de Favoritte vun dësem Eurovision Songcontest gezielt. Weider Detailer dozou an eisem Liveticker.

Wéi dat virugeet, dat wäert sécherlech nach virum Start vun der grousser Liveshow gekläert ginn. Fir d'Tali heescht et awer, grad dann alles ze ginn. D'Lëtzebuerger Vertriederin wäert als Véiert direkt am Ufank optrieden.