Wéi et vu lokale Medien heescht, wier d'Police haut op der Plaz gewiescht. De Joost Klein soll jo no der zweeter Halleffinall handgräiflech gi sinn.

Genee dat gëtt ënnersicht. Vun offizieller Säit koum an der Mëttesstonn e Schreiwes, dat den Asaz vun der Police confirméiert an och matdeelt, datt Holland net méi bei der Finall dobäi wier.

Schwedesch Medien hate gemellt, dass et och haut soll zu Handgräiflechkeete komm sinn. Eng Matarbechterin vum ESC hat no der Halleffinall Plainte géint de Joost Klein gemaach. Dofir hätt dann elo d'Police de Fall iwwerholl. Et gëtt gekuckt, ob e Verbrieche virläit. Si sollen d'Leit an der Malmö Arena zu dësem Virfall befrot hunn.

Vum Organisateur heescht et, datt een eng "Null-Toleranz-Politik" fiert, dat net ugepasste Behuelen um Event betrëfft. Weider heescht et am Schreiwes, datt keen aneren Artist oder Member vun enger Delegatioun an dëse Virfall verwéckelt wier.

Keng Reaktioun vum Joost Klein

Vum Joost Klein héiert een aktuell näischt. Schwedesch Journaliste viru sengem Hotel goufen ignoréiert.Vum hollännesche Sender AvroTros koum gëschter Owend just de Statement, dass een nach an Diskussioune mat der EBU wier.

The investigation has not yet been completed. That means that Joost is not allowed to rehearse tonight because of the EBU. AvroTros is in continuous discussions with the EBU. The professional jury assesses the 2nd Semi Final performance.

Gëschter hat d'EBU an engem offizielle Statement just confirméiert, dass eng Enquête leeft an de Joost Klein och bei der zweeter Generalprouf net dobäi wier.

Schreiwes vun der EBU

Statement on Dutch participation in the Eurovision Song Contest

The Dutch artist Joost Klein will not be competing in the Grand Final of this year’s Eurovision Song Contest.

Swedish police have investigated a complaint made by a female member of the production crew after an incident following his performance in Thursday night’s Semi Final. While the legal process takes its course, it would not be appropriate for him to continue in the Contest.

We would like to make it clear that, contrary to some media reports and social media speculation, this incident did not involve any other performer or delegation member.

We maintain a zero-tolerance policy towards inappropriate behaviour at our event and are committed to providing a safe and secure working environment for all staff at the Contest. In light of this, Joost Klein’s behaviour towards a team member is deemed in breach of Contest rules.

The Grand Final of the 68th Eurovision Song Contest will now proceed with 25 participating songs.

Hollännesche Sender AvroTros widdersprécht EBU-Duerstellung

Dee fir den hollännesche Bäitrag responsabele Sender AvroTros widdersprécht dësem Statement elo. Wéi et an engem Communiqué um Site vum Sender heescht, soll de Joost Klein no sengem Optrëtt gefilmt gi sinn, wéi hien um Wee an de Green Room war, obwuel hien dat ausdrécklech net wollt. Dobäi soll hien eng bedreelech Handbeweegung a Richtung vun der Kamera gemaach hunn, d'Kamerafra gouf AvroTros no dobäi awer net beréiert.

D'Disqualifikatioun vum Joost Klein huet AvroTros als "onverhältnesméisseg" a schockéierend bezeechent.

Offizielle Statement vun AvroTros (op Däitsch)

Wir haben die Disqualifikation durch die EBU zur Kenntnis genommen. AVROTROS findet die Disqualifikation unverhältnismäßig und ist schockiert über die Entscheidung. Wir bedauern dies zutiefst.

Nach dem Auftritt am vergangenen Donnerstag kam es zu einem Vorfall. Entgegen klar getroffener Vereinbarungen wurde Joost gefilmt, als er gerade von der Bühne kam und in den Greenroom eilen musste. In diesem Moment gab Joost wiederholt zu verstehen, dass er nicht gefilmt werden wollte. Dies wurde nicht respektiert. Dies führte zu einer bedrohlichen Bewegung von Joost in Richtung Kamera. Joost berührte die Kamerafrau nicht. Dieser Vorfall wurde gemeldet, gefolgt von einer Untersuchung durch die EBU und die Polizei.

Gestern und heute haben wir uns ausführlich mit der EBU beraten und mehrere Lösungen vorgeschlagen. Dennoch hat die EBU beschlossen, Joost Klein zu disqualifizieren. AVROTROS findet die Strafe sehr hoch und unverhältnismäßig. Wir stehen für gute Manieren – darüber darf es kein Missverständnis geben –, aber unserer Meinung nach ist eine Ausweisungsverfügung in keinem Verhältnis zu diesem Vorfall.

Wir sind sehr enttäuscht und verärgert über die Millionen Fans, die sich so auf den heutigen Abend gefreut haben. Was Joost in die Niederlande und nach Europa brachte, hätte nicht so enden dürfen.