E Samschdeg den Owend huet sech decidéiert, wien de Museksconcours dëst Joer gewënnt. 26 Länner stoungen an der Finall op der Bün.

No iwwer 30 Joer hat Lëtzebuerg jo nees e Comeback bei der Eurovisioun. D'Tali ass fir Lëtzebuerg ugetrueden an huet et do op déi 13. Plaz gepackt. Ze verstoppe brauch Lëtzebuerg sech mat deem Resultat net no sou laanger Abstinenz.

Ma d'Konkurrenz war nawell grouss. Um Enn huet dann och ee vun de Favoritte sech duerchgesat. D'Schwäiz huet den Eurovision Song Contest 2024 gewonnen an ass domat dat nächst Host-Land no Schweden. Dat heescht, den nächste Contest gëtt vun der Schwäiz organiséiert.

Scho beim Juryvott louch d'Schwäiz ganz uewe mat 365 Punkte viru Frankräich mat 218 Punkten a Kroatien op Plaz 3 mat 210 Punkten. Lëtzebuerg louch nom Jury-Voting op der 11. Plaz mat 83 Punkten.

Nom Vott vum Public, deen dobäi gerechent gouf, war et zum Schluss ganz spannend ginn. De Schwäizer Kandidat Nemo huet déi lescht Punkte missen ofwaarden, fir dann awer nach op der éischter Plaz ze landen. Och do konnt sech d'Schwäiz ofhiewen a koum um Enn op Ganzer 591 Punkten. Domat huet déi alleréischt nonbinär Persoun den ESC gewonnen.