No der Show huet d'Tali ganz zefridden ausgesinn. Plaz 13 wier besser gewiescht wéi erwaart.

"Ech wäert elo e bësse feiere goen an duerno vill schlofen", esou d'Tali, dat déi lescht Wochen eng ganz intensiv Zäit hat. Am Januar huet d'Fra vun 23 Joer um Belval an der Rockhal de Luxembourg Song Contest gewonnen. Deen Dag huet de Projet vum Lëtzebuerger Comeback bei der gréisster Musek- an Tëlee-Show ugefaangen.

An enger éischter Reaktioun no der Finall huet d'Tali um Mikro vum Loïc Juchem gesot, dass et net erwaart hätt, 13. ze ginn. An de Wette war et als ee vun de leschten Titele gesat: "I am so happy."

Den Optrëtt op der Bün wier der jonker Musekerin no gutt verlaf, se hätt all Moment genoss.
Direkt no der Liveshow ass d'Sängerin der Famill an d'Äerm gefall, op de Biller gesäit een, dass den Drock vun de leschte Woche sech geléist huet. Realiséiere wäert si dat Ganzt déi nächst Wochen.

Gespaant dierf een och sinn, wéi d'Karriär vun der Lëtzebuergerin nom Eurovision Song Contest virugeet.

RTL

Detail vun de Lëtzebuerger Resultater

No der grousser Finall goufen och d'Resultater vun den Halleffinalle publizéiert. Lëtzebuerg ass an der éischter opgetrueden a koum do op déi 5. Plaz mat 117 Punkten. Dat hannert Kroatien, der Ukrain, Irland a Litauen.

An der Finall krut Lëtzebuerg eng Kéier 12 Punkte beim Jury-Vott an dat aus Israel.

Insgesamt krut de Grand-Duché vun der Jury aus verschiddene Länner 83 Punkten, beim Vott vum Public nach emol 20. Um Enn ass mat 103 Punkten eng 13. Plaz erauskomm. Den Detail vun all de Punkte kann een am Liveticker noliesen.

Delegatioun zefridde mat 13. Plaz

D'Lëtzebuerger Delegatioun, déi laang op dës Finall higeschafft huet, wéist sech zefridde mam Resultat. Fir den Dave Gloesener, Head of Eurovision bei RTL, hätt sech déi vill Aarbecht an de leschte Woche bezuelt gemaach. Et géif een elo e Bilan zéien an duerno mam Groupe de travail festhalen, dass een och 2025 derbäi wier. Da géifen d'Preparatioune fir d'Eurovisioun an der Schwäiz ufänken. De Vott vum Public a vun der Jury hätte gewisen, dass Nemo verdéngt gewonnen hätt.