36 Joer ass et hier, dass d'Schwäiz fir d'lescht bei der Eurovisioun gewonnen huet.

De Schwäizer Kandidat Nemo konnt mam Lidd "The Code" net just de Jury begeeschteren, ma och de Public. Mat däitlechem Ofstand hat d'Jury de Song direkt un d'Spëtzt gewielt, soss wier et wuel enk ginn. Den zweete Favorit, Baby Lasagna fir Kroatien, krut nämlech déi meeschte Punkte vum Public.

D'Schwäiz huet de Eurovision Song Contest 2024 gewonnen
E Samschdeg den Owend huet sech decidéiert, wien de Museksconcours dëst Joer gewënnt. 26 Länner stoungen an der Finall op der Bün.

Ma schonn am Virfeld hat sech erauskristalliséiert, dass sech Nemo kéint duerchsetzen, war vun Ufank un ee vun de Favoritten. An der Finall stoung et dunn 591 fir d'Schwäiz, 547 fir Kroatien an domat huet fir eng éischte Kéier eng nonbinär Persoun dëse Concours gewonnen.

Fir d'Schwäiz ass et alles an allem déi drëtt Victoire beim ESC. Fir d'lescht hat d'Land 1988 mam Céline Dion gewonnen.

Ma wien ass Nemo iwwerhaapt?

Nemo, als Mann gebuer, seet vu sech selwer, datt e weeder Mann nach Fra ass, stuuft sech als nonbinär an. Souguer den Numm huet eng Bedeitung, déi nawell eng Influenz kéint gehat hunn. "Nemo" heescht op Laténgesch nämlech ganz einfach "keen".

"Keen" ass Nemo awer ganz sécher net, ma mat 24 Joer schonn e richtegt Multitalent. Mat néng Joer huet Nemo schonn an Haaptrollen an Opere gesongen, war mat 13 Star an engem Musical vum Udo Jürgens an huet mat 16 als grousst Nowuesstalent am Schwäizer Rap gegëllt.

Alles schéngt Nemo ze geléngen, och den Outing als nonbinär Persoun viru knapp engem Joer war immens liicht. Ugeschwat wëll de Kënschtler mat "they" ginn, also weeder engem männlechen nach engem weibleche Pronomen – an op Lëtzebuergesch geschriwwenen Texter duerchaus eng Erausfuerderung. Op Socials kennt een en als "Nemothings", wat déi eegen Definitioun nach emol ënnersträicht.

Nemo koum den 3. August 1999 op d'Welt a lieft zanter 2021 zu Berlin. Opgewuess ass de gebiertegen Nemo Mettler an der zweesproocheger Stad Biel, zesumme mat der méi jonker Schwëster Ella Mettler, haut 22 Joer. An och si huet beim ESC d'Fangere mat am Spill gehat, war responsabel fir Styling a Pressefotoen. D'Iddi zum Video vu "The Code" koum och vun vun der klenger Schwëster.

D'Kreativitéit gouf deenen zwee quasi mat an d'Wéi geluecht. Hir Elteren haten zu Biel eng Kreativagence, hir Kandheet hu se also gréisstendeels do verbruecht. Et handelt sech dobäi ëm e Gebai op 3 Stäck, wou ee senger Kreativitéit ka fräie Laf loossen. Eleng waren den Nemo a seng Schwëster deemno ni. Haten d'Eltere mol keng Zäit, waren aner kreativ Käpp do, déi sech mat hinne beschäftegt hunn. An och si selwer konnten hir Kandheet a fräien Zich ausliewen.

Ganz fréi hat Nemo mat Museksstonnen ugefaangen. Mat dräi Joer war et Gei, dono koume Batterie a Piano derbäi. Sangen – an Operen, wuel verstanen – koum wéi gesot mat néng Joer. A souguer schonn als Kand wier Nemo am Nylonscollant iwwer d'Büne gehopst.

Als Teenager koumen déi éischt Castinge fir Kannerfilmer an och déi éischt Rollen als Statist. Drock vun den Eltere gouf et keen, Nemo huet dat alles fir sech decidéiert. Vun der Oper goung et dunn nach eriwwer an d'Hip-Hop-Zeen. Dat war och zu enger Zäit, an där de Berliner Rap säin Héichpunkt hat. An där Zäit hat de Sido seng éischt Gangsta-Rap-Alben erausbruecht an Nemo huet sech doran erëmfonnt. Texter schreiwen, seng Beats produzéieren, alles dat, huet Nemo selwer gemaach. All fräi Sekonn nieft Schoul a Privatliewe gouf genotzt, fir un der Karriär ze bastelen.

2016 ass Nemo dunn den Duerchbroch gelongen, mat Hëllef vun engem Rap-Battle-Contest vum Radiosender SRF. Keen hat sech bis dohin erwaart, dass sou ee schmuelen Teenager, e gudde Kapp méi kleng wéi all déi aner, mat Bréck am Mond a Wollmutz um Kapp esou Téin an de Miko kéint rappen.

Elo huet Nemo et also definitiv gepackt. War hie virdru just bekannt, ass de Wee zur Berüümtheet lo sécher virgezeechent.

*DʼPersoun Nemo ass nonbinär. RTL Lëtzebuerg probéiert, deem och an der Sprooch, esou gutt et geet, gerecht ze ginn. Dofir zum Beispill den heefege Réckgrëff op dʼWuert "Persoun". Well sech bis elo am Lëtzebuergesche keng Personal- a Possessivpronome fir nonbinär Persounen etabléiert hunn, gëtt plazeweis och nach de geneeresche Maskulinum gebraucht, well dee vu ville Leit als déi neutraalst Form empfonnt gëtt (hien, en / säin, seng). Dat gëllt och fir Persounen- oder Beruffsbezeechnungen (Artist, Kandidat, Kënschtler, Sänger). Nieft der maskuliner gëtt et hei och eng feminin Form (Artistin, Kandidatin, Kënschtlerin, Sängerin), awer (nach) keng genderneutral. Och en typografescht Symbol, fir ze genderen (*, :, _), ass zu Lëtzebuerg nach net etabléiert oder offizialiséiert ginn. An deem Kontext stellt sech och dʼFro vum Artikel virum Numm: den Nemo (Maskulinum) oder dʼNemo (Femininum oder Neutrum). Am Standard-Lëtzebuergeschen ass et am Fong üblech, en Artikel virun den Numm ze setzen. RTL huet sech hei fir e Mëttelwee entscheet: Op prominente Plazen wéi an Titele gëtt deelweis op den Artikel verzicht ("Wien ass Nemo?"), bannen am Text gëtt aus Grënn vun der Liesbarkeet an der Verständlechkeet nach heiansdo op den "den" (vum geneeresche Maskulinum) zeréckgegraff. – Op kee Fall sollt duerch de Gebrauch oder de Verzicht vu bestëmmte Wierder oder Formen eng Meenung oder eng Wäertung ausgedréckt ginn.