No 31 Joer war Lëtzebuerg rëm beim ESC dobäi. Mir hunn d'Tali an d'Lëtzebuerger Delegatioun zu Malmö begleet an eis ugekuckt, wat hannert de Kulisse geschitt.

Millioune Leit ware beim ESC e Samschdeg den Owend mat dobäi. Dem Tali säin Optrëtt geet definitiv an d'Geschicht an. Alles huet een awer net op der Tëlee gesinn, den Dag vum groussen Optrëtt war nämlech e laange mat ville Rendez-vousen. Mir ware mat der Kamera zu Malmö am Backstage mat dobäi.

25 spektakulär Optrëtter

Et ware staark Stëmmen dobäi, spektakulär Bünebiller a Lidder, déi zum danzen agelueden hunn. 25 Länner an hir Vertrieder sinn dëse Samschdeg op der grousser Bün virun engem Milliounepublikum opgetrueden. Nemo aus der Schwäiz huet mam Lidd "The Code" gewonnen. Schonn am Virfeld huet d'Lidd zu de Favoritte gezielt. Virun allem d'Jury huet vill Punkten un d'Schwäiz verdeelt. Déi meeschte Punkten aus dem Publik sinn et schlussendlech fir Kroatien ginn. 0 Punkten, an domadder dat niddregst Resultat am Public Voting, krut d'Vereente Kinnekräich.

Wat soss nach geschitt ass. D'Show vun de Samschdeg am Iwwerbléck:

Trotz Kritik huet d'Tali sech net ënnerkréie gelooss

En Optrëtt, op deen och ganz vill Leit gespaant waren, war dee vu Lëtzebuerg. Scho fënnef Mol konnte mer gewannen a waren dëst Joer, no 31 laange Joer Paus, endlech nees dobäi. Schonn am Virfeld haten dës Neiegkeeten, esouwuel national, wéi och international, fir vill Schlagzeilen an der Press gesuergt.

E Samschdegowend waren deemno och vill Aen op eis an op d'Tali geriicht. An de Previsioune louch hatt zimmlech konstant op enge vun deene leschte Plazen. An och an der internationaler Press gouf hatt déi eng oder aner Kéier kritiséiert: Seng Frisur wier schonns 1993 net schick gewiescht, d'Lidd géing net genuch erausstiechen an d'Chance op e Gewënn wier geréng. Trotz allem huet sech d'Tali net ënnerkréie gelooss a Lëtzebuerg mat enger 13. Plaz e gelongene Comeback bruecht.

Fannt hei all d'Fotogalerië vum Eurovision Song Contest 2024 a vum Luxembourg Song Contest.