Den 30 Joer ale Simi stoung d'lescht Woch als Dänzer zu Malmö op der Bün a kann et ëmmer nach net richteg gleewen.

De Kevin Simoes Loureira, vu klengem u Simi genannt, ass eigentlech am Kampfsport grouss ginn. Wéi hie mat 15 Joer domadder ophält a sportlech gesinn, eng Paus mécht, bréngt eng Frëndin hien dozou, mat an Danzkueren ze goen an esou huet dat Ganzt ugefaangen.

"Et war ni geplangt, ech war keen Dänzer. Mee iergendwéi huet et mir gefall an ech hunn einfach net méi opgehalen."

De jonke Mann huet mat Hip-Hop ugefaangen, huet duerno och aner Danzrichtunge probéiert an danzt elo haaptsächlech Experimental an Hip-Hop.

Mee wéi kënnt ee vum Lëtzebuerger Danzstudio op déi grouss Bün vum ESC? 

"Pueren Zoufall"
, sou de Simi.

Tatsächlech koum d'Recommandatioun du vum Make-up Artist Luca. "Hien huet de Randy virgeschloen, e Kolleeg, mat deem ech schonn zënter Joren zesummen danzen."

De Randy Rocha, e bekannten Dänzer zu Lëtzebuerg, huet sech dunn och mat der Produktiounsfirma fir de Lëtzebuerg Song Contest getraff. Dës hunn him dunn awer ze spéit Bescheed gesot, sou dass beim LSC aner Dänzer mat op der Bün stoungen. Fir den Eurovision sollt et dunn awer klappen.

De Randy duerft fir dem Tali säi Lidd Fighter eng Choreographie ausschaffen an no Dänzer sichen.

D'Wiel ass séier op de Simi gefall. De Randy an de Simi danzen nämlech schonn zënter Jore fir de Kënschtler Edsun zesummen, haten Optrëtter am Theater a si funktionéiere gutt als Duo.

"Op der Bün versti mir eis ouni Wieder. Mir brauchen eis just kuerz unzekucken a wësse wéi a wat. Mir schaffen esou immens gutt a séier zesummen. Et war mir wichteg, ee mat op d'ESC-Bün ze huelen, op deen ech ziele kann. An natierlech him och déi Chance ze ginn", erzielt eis de Randy.

An esou flitt de Simi mat der ganzer Ekipp an der Sängerin Tali op Malmö. Hei sti Prouwen, Prouwen a Prouwen op der Dagesuerdnung. Eng Choreographie gëtt ausgeschafft, et gëtt all Dag gedanzt, trainéiert an natierlech stinn och Fotoshootingen an aner offiziell Rendez-vousen um Programm. Mee och nieft der Aarbecht verbréngt déi ganz Ekipp ronderëm d'Tali vill Zäit zesummen.

"D'Eurovisioun ass wéi eng aner Welt", esou de Randy, "Mir konnte Malmö besiche goen, un Aktivitéiten deelhuelen. Déi zwou Woche sinn immens séier ëmgaangen."

"Mir waren eng immens gutt Ekipp, et hätt net kënne besser sinn", fënnt och de Simi.

Den éischte groussen Optrëtt hate si dunn an der Halleffinall, wou d'Tali an hir Dänzer iwwerzeegt hunn an dunn e puer Deeg méi spéit och an der Finall weise konnten, wat si drop hunn.

RTL

D'Tali a seng Ekipp. Riets nieft dem Tali gesäit een de Randy an de Simi zesummen.

"Mee fir eis war d'Halleffinall tatsächlech dat wichtegst. Mir wollten iwwerzeegen. Den Optrëtt an der Finall war dunn éischter e Bonus", sou de Simi.

Déi sougenannte Post-ESC-Depressioun

De Sonndeg no der Finall goung et fir déi ganz Ekipp vu Malmö rëm zeréck an d'Heemecht an zanterdeem ass d'Stëmmung e bësse bedréckt, wéi de Simi erzielt. "Jiddereen huet eis vun der Post-ESC-Depressioun erzielt. An tatsächlech lieft een zwou Woche laang esou a senger Blos an et erlieft een esou eng Euphorie, dass de Wee zeréck an d'Realitéit net einfach ass."

Et misst een dat Erliefte fir d'éischt realiséieren a verschaffen an och zeréck a seng Aarbecht fannen.
De jonke Mann schafft nämlech op der Uni Freiburg. Vun der Bün zeréck an d'Etüden, dat wier eng Ëmstellung.

Säin Optrëtt beim ESC huet dem Simi vill Dieren opgemaach. Hien huet vill international Leit kennegeléiert an do huet sech deen een oder anere Kontakt an zukünftege Projet erginn. Seng Aarbecht komplett opzeginn, ka sech den Dänzer an Akademiker den Ament awer net virstellen.

"Meng Aarbecht fuerdert mech mental. No der Aarbecht dann op den Training ze goen an ze danzen, ass dann de kierperlechen a kreativen Deel vu mengem Dag. Déi zwee kombinéiert gläiche sech immens gutt aus. Ech weess net, ob ech eppes vu béidem kéint opginn."

Elo misst hie sech op alle Fall mol rëm op seng Aarbecht konzentréieren. Wat duerno kënnt, do wëll de Simi sech elo net festleeën.

RTL