Et ass elo e bësse méi wéi eng Woch hier, datt d'Tali viru Millioune Leit op der Bün vum Eurovision Song Contest zu Malmö stoung.

Elo geet et fir déi jonk Sängerin eréischt sou richteg lass. Si muss um Ball bleiwen, eege Musek produzéieren a sech en Numm als Sängerin maachen. Eng ganz Partie Optrëtter si fir d'Festival-Saison dëse Summer geplangt. Een Optrëtt hat si leschte Samschdeg um Culture Forest Festival zu Esch. Relativ spontan gouf dat d'lescht Woch decidéiert an d'Tali huet och just säi Lidd "Fighter" gesongen. E Gaascht-Optrëtt vun 3 Minutten also.

Et sinn awer extra wéinst dem Tali och vill Leit op Esch komm, dat hätt een un de Verkafszuele vun den Tickete gemierkt. Déi wieren no der Annonce vum Tali sengem Optrëtt immens an d'Luucht gaangen.

Den Undrang nom Optrëtt war riseg an d'Leit hate sech all virun der Sortie vum Backstage versammelt, fir nach eng Foto an en Autogramm mam Tali ze kréien.

Firwat huet Irland beim ESC eigentlech esou vill fir Lëtzebuerg gestëmmt?

D'Iren hunn eis bei der Eurovisioun ganzer 8 Punkte ginn. Elo freet ee sech villäicht firwat? De Philippe Dondelinger huet probéiert, op dës Fro eng Äntwert ze fannen an huet sech an den "Irish Pubs" zu Lëtzebuerg op d'Sich gemaach no engem richtegen Ir.