De ESC 2024 huet en immense Succès erlieft an huet e grousse Public an Europa, wéi och weltwäit begeeschtert.

Ganzer 163 Millioune Spectateuren hunn d'Halleffinallen, respektiv d'Finall vum Museksconcours op den ëffentlech-rechtleche Mediekanäl suivéiert, an iwwer 156 Länner gouf ofgestëmmt. D'Finall huet mat 46,7 Prozent nach méi Spectateuren erreecht wéi 2006.

Besonnesch vill gouf d'Eurovisioun dëst Joer bei eisen däitschen Nopere gekuckt, mat 8,1 Millioune Leit, déi sech den ESC net wollten entgoe loossen. Groussbritannien kënnt mat enger Audienz vu 7,7 Milliounen op Plaz 2 vun de Länner mat de meeschte Views.

Anescht wéi am Ausland, gëtt et fir de Lëtzebuerger Marché keng genee Zuelen. Kuckt een d'Chiffere vun de Provideren, kristalliséiert sech awer lo scho raus, dass d'Streame vum ESC déi meescht gekuckte Streame vun dësem Joer sinn. Och op RTL-Téle gouf den Event immens vill consomméiert, wéi och op en digitale Plattformen RTL.lu, Today an Infos. Lëtzebuerg war jo no iwwer 30 Joer nees beim Eurovision Song Contest dobäi a koum mam Tali op Plaz 13.

Besonnesch markant ass awer de bemierkenswäert groussen Undeel u jonke Spectateuren. Do ass et tatsächlech déi héchsten Zuel vun allen Zäiten. Dozou bäigedroen hu sécherlech och d'Social-Media-Plattformen. Eleng duerch Videoe mat #Eurovision2024 koume ganzer 6,5 Milliarde Views op TikTok zesummen, eng däitlech Hausse zu den 1,7 Milliarden d'Joer virdrun. Och d'Unzuel u Konten, déi op där Plattform op Informatiounen zougegraff hunn, si mat 500 Milliounen op engem neie Rekord.

Nach e puer Zuele vu Malmö

D'Host-Stad hat sech jo schonn eng Zäitche virun der ESC-Woch preparéiert. Den Zentrum vu Malmö huet sech an den ESC-Village verwandelt an huet wärend der Woch vum Event net manner wéi 82.000 Leit ugezunn.

D'Fans aus 92 Länner hate fir sämtlech 9 Showen an der Woch vum 6. bis 11. Mee, dat heescht och d'Prouwen, Tickete kaf. Iwwer 1.100 Journalisten aus op d'mannst 54 Länner hate sech ugemellt.