D'Aventure ESC fir Lëtzebuerg geet virun! Wann 2025 an der Schwäiz d'Punkten um Eurovision Song Contest vergi gi, da wäert och de Grand-Duché nees mat dobäi sinn. 

Nom groussen Erfolleg mam Comeback vum Grand-Duché beim internationale Musiksconcours dëst Joer ass et lo offiziell, dass Lëtzebuerg och d’nächst Joer nees e Song op den Eurovision Song Contest wäert schécken.

Dofir siche mer Kandidatinnen a Kandidaten, déi fir de Grand-Duché wëllen untrieden. Bass du Sänger an hues Loscht mat dengem Song eist Land um ESC ze vertrieden? Da mell dech lo un!

D'Aschreiwunge lafe bis de 6. Oktober 2024. Eng international Fachjury wäert dann an den Auditions déi bescht Kandidaten auswielen, déi sech dono fir d’éischt nees um Luxembourg Song Contest dem Public wäerte stellen. D'Gewënner-Lidd wäert da Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2025 an der Schwäiz vertrieden.

Lëtzebuerg war am Mee jo no iwwer 31 Joer Paus nees beim Eurovision Song Contest derbäi. Am Virfeld dovunner goufen aus ronn 200 Kandidaten eng 8 Sängerinnen, Sänger respektiv Bands ausgewielt, déi Ugangs vum Joer an der Rockhal um "LSC" géinteneen ugetruede sinn. Deemools hat d'Tali mam Song "Fighter" gewonnen a war dofir fir Lëtzebuerg zu Malmö derbäi, wou d'Sängerin um Enn op déi 13. Platz koum.

Konditiounen, fir matzemaachen

Artiste mussen:

  • op d'mannst 16 Joer hunn op den éischte Januar 2025
  • Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder 3 Joer hannerteneen zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, oder mat der Lëtzebuerger Kulturzeen verankert sinn
  • disponibel sinn tëscht November 2024 a Mee 2025
  • live op enger Bün sange kënnen
  • bei enger Band oder méi Sänger muss op d'mannst ee vun de Memberen déi Konditiounen erfëllen

Song:

  • däerf maximal 3 Minutte laang sinn
  • däerf net virum 01.09.2024 verëffentlech oder ëffentlech opgefouert gi sinn
  • all Artist/Grupp ka maximal 5 Lidder areechen
  • muss eng original Kompositioun sinn
  • d‘Sprooch ass fräi wielbar

Aschreiwe kann ee sech op eurovision.lu