Et ass offiziell: Lëtzebuerg ass och d’nächst Joer nees bei der Eurovisioun dobäi.

Dat bedeit, dass mir och nees e Luxembourg Song Contest organiséieren, fir de lëtzebuergesche Vertrieder fir den ESC ze fannen.

Castingen, Vocal Coachings, Preparatioune, Prouwen – de Wee bis op déi grouss Bün ass laang. An um Enn vun dëser Rees gi mir da gewuer, wien dem Tali säin Nofollger gëtt. Ma wéi ass et deenen aneren LSC-Kandidaten no der Competitioun ergaangen? A wéi eng Tipps hu si fir déi zukünfteg Participanten? Dat hu mir de leschte Samschden zu Déifferdeng um Festival “Made in Luxembourg” nogefrot.

Op der Bün stoungen nämlech ënnert anerem d’Krick an d’Band One Last Time, Kandidate vun der éischter Editioun vum LSC. Fir d’Krick ass dëst ee besonneschen Optrëtt – deen éischten Solo Concert. “Hätt ee mir viru puer Joer gesot, dass ech eng Kéier déi Lidder, déi ech fir mech selwer a menger Kummer geschriwwen hunn, iergendwann eng Kéier viru Leit wäert sangen, hätt ech et net gegleeft”, esou déi jonk Sängerin, déi soss gewinnt ass, Cover-Lidder mat de Bands “What the Funk” an “The Northern Big Band” ze spillen. Den 9. Juli steet och schonn deen nächste Meilesteen un, wa si als Virband vum brittesche Sänger Calum Scott spillt. An Ufank 2025 soll dann deen éischten Album vum Krick eraus kommen.

“Et war einfach ze vill fir mech”

Als Zweetplacéiert huet d’Krick dëst Joer beim “Luxembourg Song Contest” just knapp den Ticket fir op den ESC op Malmö verpasst.

Krick: “Am Endeffekt sinn ech frou, dass ech net gewonnen hunn, well ech deen Ament nach guer net prett war dofir. Ech gesinn dat och elo, wann ech de Video nach eemol kucke vum Song Contest. Dat war net ech, deen do stoung. Dat war just nach de Geescht vu mir. Ech hat ganz vill Stress op der Aarbecht, et war einfach ze vill déi Zäit.”

Zukünftege Kandidate réit d’Krick dozou, sech net ze vill Gedanken ze maachen.

Krick: “Et ass ee Spill an et huet een et guer net an der Hand. Du kanns sou vill a sou gutt maache wéi s de wëlls, du bass net deen deen decidéiert, ob s du dohinner gees oder net. A fir de Recht soll een einfach sou vill wéi méiglech genéissen, sou vill wéi méiglech am Moment sinn an alles opsuckelen.”

“Wann d’Bün esou ass wéi d’lescht Joer, dann ass et eng vun de schéinsten Experienzen, déi een als Museker kann hunn”

Sech duerchsetzen a soen, wann engem eppes net gefält, sech selwer trei bleiwen an net fäerten – dat sinn d’Tipps vu One Last Time. De Grupp ronderëm de Frontsänger Andrea Galleti huet sech 2022 gegrënnt. Eng relativ jonk Band also, déi vun der Visibilitéit vum LSC profitéiere konnt.

Andrea Galleti: “Et huet sech vill fir eis geännert, och wann een dat vu baussen net onbedéngt direkt gesäit. Mir schaffen un engem Album, mat deem Studio, dee mir duerch den LSC kennegeléiert hunn. Mir waren och schonn do an Norwegen fir Songwriting ze maachen. Ech mengen all Museker konnt nom LSC e bësse seng Avantagen eraus zéien an huet definitiv méi Chancë wéi virdrun.”

Ma och wann esou eng Competitioun eng schéi Plattform wier, missten zukünfteg Kandidate sech bewosst sinn, dass vill Aarbecht dohannert stécht. Ma et géing sech lounen, well “wann d’Bün esou ass wéi d’lescht Joer, dann ass et eng vun de schéinsten Experienzen, déi een als Museker kann hunn”, fënnt den Andrea Galleti.

Op d’Fro, ob si sech da virstelle kéinten, nach eng zweet Kéier mat ze maachen, kréie mir keng kloer Äntwert. Am Géigesaz zum Krick, wat sech honnertprozenteg melle wëll, wéi si seet.

Et dierf ee gespaant sinn, wien nach alles op de Casting kënnt a Lëtzebuerg bei der 69. Eurovisioun wäert representéieren.