Nodeems Nemo dëst Joer de Eurovision Song Contest gewonnen huet war kloer, dass déi nächst Editioun an der Schwäiz wäert organiséiert ginn.

Genève, Basel, Zürech a Bern haten Interessi gemellt, den ESC z’organiséieren. An déi enk Auswiel koume Genève a Basel. Um Freide Moien huet d’EBU matgedeelt, dass d’Decisioun op Basel gefall ass. Deemno wäert dann och Lëtzebuerg e Lidd an déi Schwäizer Stad schécken, fir um Concours deelzehuelen.

De Choix ass deemno op eng Stad gefall, mat enger lieweger Kulturzeen an enger historescher Bedeitung. Ideal Viraussetzunge fir sou e globale Musekspektakel z’organiséieren.

Den ESC 2025 wäert an der St. Jakobshalle oflafen, déi no grousse Renovéierungsaarbechten Plaz fir bis zu 12.000 Spectateuren huet. Et ass déi éischte Kéier zënter 1989, dass den ESC an der Schwäiz organiséiert gëtt.

RTL

Basel, eng Stad déi un der Grenz zu Däitschland a Frankräich läit, symboliséiert déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an den europäesche Geescht. Den ESC wäert net just e musikalescht Mega-Event ginn, ma och e wichtege wirtschaftlechen an touristeschen Aspekt mat sec hbréngen. Hoteller, Restauranten a lokal Entreprisë kënne sech op e groussen Undrang u Fans aus der ganzer Welt astellen.

Ween 2025 Lëtzebuerg um ESC wäert vertrieden, wäert sech Ufank vum Joer um "Luxembourg Song Contest“ decidéieren. Informatiounen heiriwwer wäerten am September public gemaach ginn.

D'Halleffinalle vum ESC sinn den 13. a 15. Mee, d'Finall ass samschdes de 17. Mee.