Nom grousse Comeback mam Tali zu Malmö wäert Lëtzebuerg d’nächst Joer jo och beim Eurovision Song Contest zu Basel derbäi sinn.

Ma ween de Grand-Duché hei vertrëtt steet nach net fest. Dat wäert sech dann de 25. Januar 2025 zu Esch an der Rockhal decidéieren. Da wäert nämlech den zweeten „Luxembourg Song Contest“ organiséiert ginn. Eng live Télés-Show mat Public an där d’Finaliste géint eneen untrieden. De Public an eng international Jury wäerten dann decidéieren wei e Song a wéi e Sänger oder Sängerin respektiv wéi eng Band Lëtzebuerg um ESC wäert vertrieden.

D'Aschreiwunge lafe nach bis de 6. Oktober 2024. Eng international Fachjury wäert dann an den Auditions déi bescht Kandidaten auswielen, déi um „Luxembourg Song Contest“ derbäi sinn.

De Virverkaf fir d‘Ticketen, fir live am Public an der Rockhal beim LSC derbäi ze sinn, wäert Enn vum Joer lassgoen. 

Konditiounen, fir beim LSC matzemaachen

Artiste mussen:

  • op d'mannst 16 Joer hunn op den éischte Januar 2025
  • Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder 3 Joer hannerteneen zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, oder mat der Lëtzebuerger Kulturzeen verankert sinn
  • disponibel sinn tëscht November 2024 a Mee 2025
  • live op enger Bün sange kënnen
  • bei enger Band oder méi Sänger muss op d'mannst ee vun de Memberen déi Konditiounen erfëllen

Song:

  • däerf maximal 3 Minutte laang sinn
  • däerf net virum 01.09.2024 verëffentlech oder ëffentlech opgefouert gi sinn
  • all Artist/Grupp ka maximal 5 Lidder areechen
  • muss eng original Kompositioun sinn
  • d‘Sprooch ass fräi wielbar

Aschreiwe kann ee sech op eurovision.lu. Weider Informatioune ginn et an der Pressematdeelung vum LSC!

Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt eventuell 2 Ticketen, fir den LSC an der Rockhal