No engem éischte Versuch zejoert, mellen sech zwee jonk Lëtzebuerger dëst Joer nees fir de Luxembourg Song Contest un. Ob si et dëst Kéier an d Final packen?

Zejoert hunn d'Barkissa Diawara (22 Joer) an de Chris Oliveira (26 Joer) an de Casting gepackt, fir déi grouss Final an der Rockhal ass et dunn awer net duergaangen.

De Kapp hunn déi Zwee awer net hänke gelooss an hu sech och dëst Joer nees ageschriwwen, fir de 25. Januar 2025 beim Luxembourg Song Contest mat dobäi ze sinn.

Léiert déi jonk Leit am Reportage kennen, a maacht iech selwer ee Bild!
 
D'Aschreiwunge fir den LSC lafen nach bis de 6. Oktober 2024. Eng international Fachjury wäert dann an den Auditions déi bescht Kandidaten auswielen, déi um "Luxembourg Song Contest" derbäi sinn. Méi Informatiounen zum LSC fannt Dir an eisem Artikel.