D'Lidd ass wuel deenen meeschten e Begrëff. De Sänger vu "Save Your Kisses For Me" ass dout.
De brittesche Sing- a Songwriter Martin Lee, dee mat senger Band "Brotherhood of Man“ viru bal 50 Joer de Eurovision Song Contest gewonnen hat, ass den 29. September friddlech entschlof. Dat hu seng Bandmemberen op Facebook matgedeelt. Hie wier un Häerzversoen no kuerzer Krankheet verscheet.
Hie wier "e groussaartege Sänger" gewiescht, heescht et weider an hirem Statement. Zesumme mam Bandkolleeg Lee Sheriden hat hien déi meeschte Lidder geschriwwen. "Seng Bandkolleegen Nicky Stevens, Lee Sheriden a virun allem Sandra Stevens, mat där hie 45 Joer laang bestuet war, wäerten hie schmäerzlech vermëssen".
De Lee war 1972 Member vu "Brotherhood of Man" ginn. Fir den Ouerewuerm "Save Your Kisses For Me" gouf et um ESC an Holland 1976 am Ganzen 164 Punkten. D'Lidd hat et dono an iwwer 30 Länner un d'Spëtzt vun den Charts gepackt a gëllt der brittescher BBC no nach bis haut als déi ESC-Single, dat am meeschte verkaaft gouf.