Vum 27. bis 30. September hat de Rocklab um Site Esch-Belval e sougenannten "Eurovision Songwriting Camp" organiséiert.

Ronn 80 Leit hate sech ugemellt, fir deelzehuelen, ma just eng 20 goufen ugeholl. Fir si war et en intensive Weekend, well si hu bannent aacht Stonne mussen e Lidd geschriwwen a produzéiert hunn. Ënnerstëtzt goufe se dobäi vu professionellen internationale Produzenten.

Bekannte Gesiichter aus dem Grand-Duché waren och dobäi. Sou ware Kandidate vun der leschter Editioun vum Luxembourg Song Contest ënnert déi lescht 20 komm, dorënner de Joel Marques, den CHAiLD, den Edsun, d’Naomi Ayé, d’Krick, a verschidde Membere vu One Last Time. Awer och aner Museker wollte sech déi Chance, professionell ze produzéieren, net entgoe loossen. Fir d’Virginie Ranaivoson war et eng flott Erfarung. Si schreift zanter 2020 hir Lidder, ma huet awer nach keent publizéiert oder produzéiert. Elo huet sech dat geännert.

De Greig Watts huet de Camp encadréiert. Hie schafft als A&R, dat heescht, dass hie Sängerinnen a Sänger sicht a rekrutéiert. Hei um Camp war seng Roll, d’Participanten ze leeden, hinnen ze hëllefen, a Feedback ze ginn. Hien huet Erfarung am Beräich vun de Camps: 2015 huet hien den éischten "Eurovision Camp" an Holland organiséiert an an de Joren dono koumen der ëmmer méi dobäi.

Lidder fir d’Eurovisioun schreiwen hien a seng Ekipp scho laang: bannent aacht Joer hat hien 12 Lidder, déi um Contest deelgeholl hunn. 2018 waren esouguer véier vu senger Lidder an der Finall vum ESC.
 
Mä hie war net den eenzege mat Eurovision-Erfarung, dee beim Camp dobäi war. Och d’Linda Dale war do. Si huet d’lescht Joer mam Nemo d’Gewënnerlidd "The Code" geschriwwen. Dat gouf iwwregens och an engem Songwriting Camp komponéiert. Fir si ass et wichteg, ëmmer "Jo" zu den Iddien ze soen, déi an esou engem Camp entstinn, well genee esou ass och "The Code" an d’Liewe geruff ginn.

Mat esou ville Participante war de Camp en Erfolleg an d'Lëtzebuerger Museker krute vill nei Kontakter, wat hirer professioneller Karriär hëllefe kann, sech weider z'entwéckelen.

Wien awer elo zum Schluss beim LSC alles matmécht, ass nach net gewosst. Do heescht et Gedold hunn.

Ënnerstëtzt gouf d’Rockhal fir de Camp vu Kultur | lx, SACEM, FLAC, an dem Grund Club.