© RTL Grafik
Gläich ass et nees esouwäit, et gëtt dee Kënschtler gesicht, dee fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2025 untrëtt.
Bis déi éischt Nimm bekannt sinn, wien d'Persoun da soll sinn, déi an der Schwäiz op der Bün wäert stoen, dauert et nach e bëssen. Fir unzefänken, goufen an enger Preselektioun déi Kandidatinne a Kandidaten erausgesicht, déi sech virun engem internationale Jury dierfe presentéieren.
An dee Jury stelle mir iech elo vir!
Wéi d'lescht Joer gëllt et jo fir d'Artisten, e puer international Perséinlechkeeten ze begeeschteren, déi an der ESC-Welt keng Onbekannte sinn. Si plécke sech aus den ausgewielte Kandidaten déi bescht eraus, fir viru Publikum opzetrieden.
De Jury, aus alle Generatiounen, besteet ënner anerem aus engem Produzent aus Portugal a véier Persounen, déi selwer beim Eurovision Song Contest dobäi waren. Dräi vun hinnen hunn de Gesangscontest och gewonnen.
Haut ass iwwregens den éischten Dag vun den Auditions. Freet Iech op flott Biller, wéi den éischten Dag ofgelaf ass.