Am Ganze kämpfe vum 8. bis den 10. November 53 verschidden Artisten ëm hir Plaz an der Finall op der LSC-Bün an der Rockhal.

Do wäert deen Ament feststoen, wie Lëtzebuerg am Mee um Eurovision Song Contest zu Basel an der Schwäiz vertrëtt an domat d'Relève vum Tali iwwerhëlt. D'Tali Golergant war jo d'lescht Joer zu Malmö op Plaz 13 fir eist Land komm.

Et gëtt keng liicht Aufgab, déi op den internationale Jury duerkënnt. Vill Kandidaten hu sech gemellt, an dat trotz neien, méi exigenten a professionelle Reegelen. 53 Artiste mat am Ganzen 79 Lidder. D'Finaliste mussen, wéi dat lescht Joer schonn de Fall war, de 25. Januar 2025 moossen.

12 verschidden Nationalitéite fënnt een ënnert den 53 Kandidaten. 70% d'Lëtzebuerger Nationalitéit, 25% erfëllen d'gefrote Wunnsëtzkrittären a 5% sinn duerch hire kulturelle Lien berechtegt, matzemaachen.

Staark musikalesch Zeen am Grand-Duché

Vun den 79 Lidder, déi agereecht goufen, si ronn 75% vu Lëtzebuerger (mat)geschriwwen. 70% vun e Lidder sinn deemno vun de Kandidate selwer geschriwwen oder si hunn op d'mannst hire Fangerofdrock hannerlooss. Dat weist, dass d'musikalesch Zeen zu Lëtzebuerg immens staark evaluéiert huet.

Am Ganzen haten 135 Artisten hiren Interessi gewisen - dat heescht och Artisten ouni eegent Lidd oder déi d'Krittären net erfëllt hunn.

Wéi d'lescht Joer gëllt et nees e puer international Perséinlechkeeten ze begeeschteren, déi aus den 53 Kandidaten nees déi bescht erausplécken, fir viru Publikum opzetrieden. De Jury besteet ënner anerem aus engem Produzent aus Portugal a véier Eurovision-Participanten aus Frankräich, Aserbaidjan, Bulgarien an Irland.

Wéini gëtt ee gewuer, wie weiderkënnt?

Wie sech ënnert den 53 Artisten an hiren 79 Songs duerchsetzt, dat gëtt den 18. November annoncéiert. An dann heescht et fir si üben, üben, übe fir d'Finall de 25. Januar, wou ee sech dann nees op eng mega Show freeën dierf.

De Gewënner vertrëtt Lëtzebuerg an der ESC-Finall vum 13. bis de 17. Mee an der Schwäiz.

RTL

© RTL Grafik