E Freideg ass et lassgaangen! Déi éischt vun 53 Kandidaten, déi dëst Joer fir d'LSC-Auditions zougelooss goufen, stoungen op der Bün.
Si konnten hire Song virun der internationaler Jury presentéieren. Dat goung vu Rock iwwer Ballade bis hin zu grousse Performancen. D'Sängerinnen a Sänger hunn alles ginn, fir d'Jury z'iwwerzeegen, dass si déi richteg sinn, fir beim Luxembourg Song Contest am Januar an der Rockhal derbäi ze sinn.
Hei decidéiert da jo och de Public, wie Lëtzebuerg d'nächst Joer um ESC zu Basel vertrëtt. Nei dëst Joer ass, dass d'Kënschtler hiren eegene Song direkt musse matbréngen.
Bei de Kandidaten e Freideg waren nieft etabléierte Sänger oder Newcomer och e puer al Bekannten, déi och scho beim LSC dëst Joer derbäi waren.
E Samschdeg ass den zweeten Dag vun den Auditions.