E Samschdeg war deen zweeten Dag vun den Auditions, fir d’Kandidatinnen an d’Kandidate fir de "Luxembourg Song Contest 2025" ze fannen.

Nodeems e Freideg schonn déi éischt Sänger a Sängerinnen opgetruede sinn, huet déi international Jury zesumme mat den Optrëtter e Samschdeg eng 53 Kandidate mat am Ganze bal 80 Songs ugelauschtert. Keng sou einfach Aufgab, wann ee bedenkt, dass sech 135 Artiste gemellt haten.

D'Kandidaten, déi alleguer e Lien mat Lëtzebuerg oder der Lëtzebuerger Kulturzeen hunn, haten 12 verschidden Nationalitéiten an hu Songs op Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch presentéiert. Nieft bekannte Sänger, déi zum Deel och schonn d'lescht Joer um LSC derbäi waren, waren och nees vill Newcomer a Surprisen dobäi. 
 
Nei dëst Joer war, dass d'Artisten hiren eegenen ESC-Song musse matbréngen. De Stil an d'Qualitéit vun de Lidder, déi virgestallt goufen, ware ganz diversifizéiert, ma et ass een och vun de Säite vun den Organisateuren hier ganz zefridden.

"De Wiessel vun der Strategie, fir dass sech just nach Artiste mat Lidder konnte mellen, huet eppes bruecht. Dëst Joer goufen dräivéierel vun de Lidder am Concours mat Lëtzebuerger Participatioun geschriwwen", seet den David Gloesener, ESC-Beoptraagte bei RTL Lëtzebuerg.
 
Aus all de Kandidate ginn der lo eng Dosen an de Recall invitéiert, wou dann decidéiert gëtt, wéi eng Sänger a wéi eng Songs de 25. Januar 2025 um LSC an der Rockhal derbäi sinn. D'Ukënnegung vun den Nimm wäert an enger Woch sinn. Wéi vill Kandidate sech musse beweisen, fir hir Plaz beim Eurovison Song Contest ze kréien an domat Lëtzebuerg ze vertrieden, och dat gitt Dir réischt an enger Woch gewuer.

Bis dohi kann ee sech all d'Interpretinnen an d'Interpreten, déi den 8., 9. an 10. November op der RTL-Bün stoungen, wann net mat Toun, wéinstens bildlech ukucken.

Andréck vum 1. Dag vun den Auditions