De Kevin Simoes Loureiro, och bekannt als Simi, huet eng éischter ongewéinlech Kombinatioun vu Beruffer.

Hien huet säin Doktertitel, schafft elo als Post-Doc an der Schwäiz an ass Dänzer.

"Ech wär ni an d'Recherche komm, wann dat et mer net erlaabt hätt, weider ze danzen." Well hien a béide Beruffer eng gewësse Flexibilitéit behält, wier et fir hie méiglech, deenen zwou Passiounen nozegoen. An dat wier wichteg fir hien. D'Leit géifen hien dacks froen, wat hie léiwer mécht, mee dorop hätt hie keng Äntwert.

"Ech féiere wierklech esou en Duebelliewen. Dänzer kenne mech als Simi, dono op der Uni kenne se mech als Kevin. Et si wierklech zwou komplett verschidden Identitéiten." An awer wieren et zwee Puzzelstécker, déi perfekt openee passen, an déi hien zu där Persoun géife maachen, déi hien ass.

Héichpunkte vu senger Danz-Karriär wiere seng Optrëtter um Edsun senger Tournée an och de Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö gewiescht, wou hie mam Tali a véier anere Background-Dänzer op der Bün stoung.

Säin Doktorat gouf ënnert dem Titel "Plurilingual Education Policy in Early Childhood Education and Care: Aiming Towards More Equal Opportunities in Luxembourg" publizéiert. Als Portugis géif dat Thema him relativ no stoen. A sengem Doktorat läit de Fokus nämlech op Inegalitéiten an de Lëtzebuerger Schoulen, haaptsächlech um Niveau vun der Sprooch. Hie schreift iwwert d'Implementatioun vu Gesetzer, fir dëser Inegalitéit am plurilinguale Kontext entgéintzewierken.

RTL

© René Pfeiffer / RTL