© Steve Müller / RTL
Hir éischt Optrëtter sinn eriwwer. Fraen a Männer aus allen Alterskategorien hu leschte Weekend virum Jury dierfen optrieden, 12 koumen an de Recall.
Ma wéi leeft esou eppes of, wéi ass d'Atmosphär vun esou enger Produktioun, dat laang net méi just e Virsangen ass. D'Sandy Schmit vun der Online-Redaktioun war hannert de Kulisse vum Recall-Dag dobäi an huet sech e bëssen en anert Bild gemaach.
Schonn d'lescht Joer war ech en Deel vun der LSC-, respektiv ESC-Ekipp a war vun der éischter Minutt u mat op der Rees an d'ESC-Welt, eng Welt fir sech. De groussen Ënnerscheed vun dësem op d'lescht Joer ass eleng d'Plaz, wou d'LSC-Auditions organiséiert gëtt. Net just d'LSC-Finall 2024 war an der Rockhal, och d'Auditions an de Recall. Dëst Joer ass de Projet an den eegene véier Produktiounswänn bliwwen.
Eng Persoun, déi d'lescht Joer nach net mat dobäi war, war d'Elisabeth Conter, Project Manager fir Eurovision Luxembourg. Mä mat enger Ekipp, déi scho weess, wat op een duerkënnt, "do huet d'Organisatioun hei gutt geklappt". Den Eric Lehmann, Head of Delegation, hat scho vill Viraarbecht geleescht.
Et ass kuerz no 13 Auer, an der Hal vun der RTL City kann een d'Nervositéit an der Loft spieren. Am Backstage quasi nach méi, awer mol net vun de Kandidaten, déi sech gläich an der entscheedender Ronn nach emol der Jury presentéieren. Dëst gëtt opgeholl, Material fir de grousse Revelatiounsdag. Et ass bei den RTL-Leit, wou sech Hektik opbaut.
Virum Backstage wiermen d'Leit sech op. An et ass een direkt wéi an där "Eurovisiounsbubble", ma hei kënnt schonn emol schonn d'Gefill dofir op. Et bleift nach Zäit fir eng Jam-Session. Dat versprécht... sou mäin éischte Gedanken. Ech hat nach kee vun de Kandidate bis dohi gesinn oder héieren. Obschonn ech dat eent oder anert bekannte Gesiicht entdecken.
En éischten Dréi gëtt geschwë lancéiert. D'Dieren am Studio ginn zou, Riddoe ginn zougezunn, et gëtt roueg. Elo ginn d'Biller vum Jury gedréint, Biller wéi si sech beroden. Si hunn d'Leit jo virdrun schonn all gesinn. Et weist sech nees, an der Eurovisiounswelt muss een alles kënnen, virun allem och improviséieren.
Eppes soe si awer direkt, zu Lëtzebuerg fille si sech immens wuel. Si sinn hei mat oppenen Äerm empfaange ginn. "Mir komme gär nächst Joer rëm heihin, wann Dir nees e Jury bréicht", huet et geheescht.
© Steve Müller / RTL
Et geet lass!
D'Sänger kommen een nom aneren op d'Bün. Wéi gesot, ech gesinn d'Acts, déi iwwreg bliwwe sinn, haut fir d'éischt. Vun der Professionalitéit, déi d'Kandidaten un den Dag leeën, sinn ech wierklech iwwerrascht. Bei e puer al Bekannte gesäit een, dass si d'Kritik vum leschte Joer ëmgesat hunn, doraus geléiert hunn an et sech och gelount huet. Anerer sinn, wéi et am Fachjargon heescht, kleng "Réi-Diamanten".
All Kandidat muss sech kuerz virstellen, do virdrun allkéiers e Soundcheck, e Countdown - wéi gesot, dat Ganzt gëtt scho gefilmt. Schonn dat kann en Challenge sinn, dat Waarde bis et lassgeet, bis een den éischten Toun an de Mikro gesongen huet. Alles muss perfekt sinn op béide Säiten. Bei Verschiddenen, keng Spur vun Nervositéit. Bei deenen, déi méi onsécher sinn, do erkennt ee wéi de Jury och, do feelt et just um richtege Coaching.
Ass Applaus e gutt Zeechen?
Vum Jury gesäit ee mol méi mol manner Begeeschterung, mol Applaus, mol Standing ovations oder och schonn deen een oder aneren Tipp. Ma si ginn all Acts, ëmmerhi wäerten net allen 12 weiderkommen, de Message mat op Wee, egal wéi et hei ausgeet, et soll ee weidermaachen an dat mat Passioun. Well dat wier et, ëm wat et beim ESC geet, "Spaass".
Mir komme Gedanken op wéi: "Op wat passt de Jury iwwerhaapt op? Siche si bestëmmten Titelen, Téin oder Melodien? Gëtt dëst Joer e bestëmmte Profil gesicht? Wat ass iwwerhaapt dëst Joer an der ESC-Welt gefrot?"
A wann ech eppes geléiert hunn, et gehéiert méi dozou, wéi just gutt sange kënnen. Vun der Jury gëtt et nom Optrëtt kee Feedback. An un der Quantitéit u Begeeschterung kann ee sech och net referéieren. Och de Kandidat kann net aschätzen, wéi seng Chancë stinn.
D'Auditions sinn eriwwer, an elo?
De Jury zitt sech zeréck. 20 Minutte sinn elo mol viséiert. Dass et dobäi net bleift, ass mer eleng scho kloer, well der nawell e puer haut keng gutt Nouvelle mat Heem huelen. Et gëtt also ëm alles, keng liichtfankeg Decisioun.
Ech hu bei e puer Kandidaten an och bei der RTL-Ekipp de Bols gefillt. "Dat hei ass de stressegste Moment." "Et ass net sou schlëmm wéi an der Rockhal." "Du hues gesinn, wéi vill Spaass et all de Leit gemaach huet.", waren e puer vun den Aussoen.
Aus 20 Minutte ginn der 40. D'Kandidate gi geruff. Schonn nees esou eng ganz ugespaanten Atmosphär, elo gesäit ee bei all Sängerin a Sänger d'Nervositéit. Wie kéint een hinnen et verdenken.
Eng leschte Kéier stinn d'Artisten all zesummen op der Bün. D'Decisioun fält elo...
A wéi déi ausgefall ass, dat gitt Dir e Méindeg de Moie fréi op RTL.lu a live op der Antenn gewuer. Also haalt Iech prett! E Méindeg den Owend dann déi exklusiv éischt Biller vun de Finalisten op der Tëlee.